Karim Guerfi

Vu Wikipedia
Karim Guerfi
Gebuer 8. Mäerz 1987
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Boxer

De Karim Guerfi, gebuer den 8. Mäerz 1987 zu Manosque an den Alpes-de-Haute-Provence ass e franséische Boxer.

Hie gouf den 12. Juni 2009 IBF-Jugendweltmeeschter am Méckegewiicht, an engem Match géint den Julio Buitrago aus Nicaragua. Hien hat de Match no Punkten mat enger UD gewonnen.

De Match gouf zu Diddeleng am Centre René Hartmann ausgedroen an et war fir déi éischt Kéier datt zu Lëtzebuerg fir e Weltmeeschtertitel geboxt gouf.

Dem Karim Guerfi säin Trainer a Manager ass den Diddelenger Raymond Goy.

Um spaweck[änneren | Quelltext änneren]