Karl Franz Anton von Schreibers

Vu Wikipedia
Karl Franz Anton von Schreibers
Gebuer 15. August 1775
Bratislava
Gestuerwen 21. Mee 1852
Wien
Nationalitéit Keesertum Éisträich
Educatioun Universitéit Wien
Aktivitéit Botaniker, Zoolog, Mineralog
Member vun Bayeresch Wëssenschaftsakademie, Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina

De Karl Franz Anton Ritter von Schreibers, gebuer de 15. August 1775 zu Bratislava a gestuerwen den 21. Mee 1852 zu Wien war en éisträicheschen Naturwëssenschaftler.

De Karl von Schreibers koum am Alter vun néng Joer op Wien. Do war hie vun 1784 am Löwenburgesche Konvikt und huet vu 1793 mam Medezin-Studium ugefaangen. Donieft war hie bis 1795 Assistent vum Phrenolog Franz Joseph Gall. No senger Promotioun am Joer 1798 hat de Schreibers als Dokter bei sengem Monni geschafft an hat 1799 ettlech europäesch Staate besicht. 1801 gouf hien Assistent vum Naturgeschichtsprofesser Peter Jordan op der Universitéit Wien (vun 1802 bis 1807). Donieft huet hien och eng medezinesch Praxis gefouert.

De von Schreibers hat sech och scho fréi mat der Botanik, Mineralogie an der Zoologie beschäftegt an hat mat villen europäesche Wëssenschaftler op dëse Gebidder enk Kontakter. Op deenen hir Ureegungen hin hat hie sech mat den nach wéineg bekannte Grottemolche vu Krain beschäftegt a mat enger australescher Kiewerlekenaart. Am Joer 1806 gouf de von Schreibers zum Leeder vum "Hof-Naturalien-Kabinett" ernannt. Hei hat hien d'Sammlung wiesentlech vergréissert.

Déi 1817 vum Fürst Metternich organiséiert wëssenschaftlech Brasilien-Expeditioun gouf vum von Schreibers a wëssenschaftlecher Hisiicht ugewisen. De Schreibers gouf zum Schluss och de Grënner vum Naturhistoresche Musée Wien. 1812 gouf hien auswärtege Member vun der Bayerescher Akademie vun de Wëssenschaften.

De Schreibers hat d'Meteorittemineral an den Eisemeteoritte beschriwwen, dat haut als Schreibersit no him genannt ass.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Sylk Schneider: Carl Franz Anton Ritter von Schreibers und die österreichisch-brasilianischen Naturalien. In: Sylk Schneider, Goethes Reise nach Brasilien, Weimar 2008, S.93-104. ISBN 978-3-937939-69-8.