Karl Liebknecht

Vu Wikipedia
Karl Liebknecht
De Karl Liebknecht (ca. 1911)
Gebuertsnumm Karl Paul August Friedrich Liebknecht
Gebuer 13. August 1871
Leipzig
Gestuerwen 15. Januar 1919
Berlin
Nationalitéit Däitscht Keeserräich, Däitschland
Educatioun Universitéit vu Leipzig,
Humboldt-Universitéit Berlin
Aktivitéit Politiker, Affekot, Revolutionär, Editeur
Partei Sozialdemokratesch Partei vun Däitschland

De Karl Paul August Friedrich Liebknecht[1], gebuer den 13. August 1871 zu Leipzig an ëmbruecht de 15. Januar 1919 zu Berlin, war en däitsche Politiker.

De Karl Liebknecht war e prominente Marxist an Antimilitarist zu der Zäit vum Däitsche Keeserräich. Hie war zanter 1900 Member vun der Sozialdemokratescher Partei vun Däitschland (SPD), fir déi e vun 1912 bis 1916 als Deputéierten am Parlament, dem Reichstag, souz, an de lénkse Fligel vun der SPD vertrueden huet.

Vun 1915 un huet hien, zesumme mat der Rosa Luxemburg, d'Linn vun der Gruppe Internationale bestëmmt. 1916 ass en aus der SPD-Fraktioun ausgeschloss ginn a kuerz duerno wéinst "Krichsverrot" an de Prisong komm. No zwee an engem hallwe Joer , kuerz virum Enn vum Éischte Weltkrich, koum hien nees fräi.

Wärend der Novemberrevolutioun huet de Liebknecht den 9. November 1918 virum Berliner Schlass eng „fräi sozialistesch Republik“ ausgeruff, an den 11. November huet hie mat der Rosa Luxemburg an aneren, d'Gruppe Internationale, nei ënnert dem Numm Spartakusbund gegrënnt. Am Dezember gouf säi Konzept vun enger Réitrepublik vun der Majoritéit vum Reichsrätekongress ofgeleent. Zum Joreswiessel 1918/19 war de Liebknecht ee vun de Matgrënner vun der Kommunistescher Partei vun Däitschland. Kuerz nodeem de Berliner Spartakusopstand niddergeschloe gi war, goufen de Liebknecht an d'Rosa Luxemburg vun Offizéier vum Freikorps (enger militaristescher Miliz) ermuert.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Kompensationsvollzug und Compensationsvorbringen nach gemeinem Rechte. Dissertation, R. Heydeck, Paderborn 1897.
  • Militarismus und Antimilitarismus. Unter besonderer Berücksichtigung der internationalen Jugendbewegung. Leipziger Buchdruckerei, Leipzig 1907.
  • Gesammelte Reden und Schriften. (9 Bände) Dietz-Verlag, Berlin.
  • Lebt wohl, Ihr lieben Kinderchen. Briefe an seine Kinder. Hrsg. von Annelies Laschitza und Elke Keller, Berlin 1992.
  • Karl Liebknecht zum antimilitaristischen Kampf. 1. Auflage, Dortmund 1977.
  • Spartacus spricht. Kampfdokumente der Spartakusgruppe aus der Zeit des ersten Weltkriegs. Berlin 1961.
  • Gedanke und Tat; Schriften, Reden, Briefe zur Theorie und Praxis der Politik. herausgegeben und eingeleitet von Ossip K. Flechtheim; Berlin 1976.
  • Studien über die Bewegungsgesetze der gesellschaftlichen Entwicklung. Posthum herausgegeben von Rudolf Manasse; München 1922.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Biographien

  • Harry Schumann: Karl Liebknecht. Ein unpolitisches Bild seiner Persönlichkeit. Reißner, Dresden 1919.
  • Karl Liebknecht. Ein Gedenkbuch. Mit Beiträgen von Willi Münzenberg, Franz Fischer, Karl Radek, Werner Hirsch, Otto Franke. Jugendinternationale, Berlin 1931.
  • Willy Kerff: Karl Liebknecht. 1914 bis 1916. Fragment einer Biographie. Herausgegeben von Annelies Laschitza. Dietz Verlag, Berlin 1967.
  • Elisabeth Hannover-Drück, Heinrich Hannover (Hrsg.): Der Mord an Rosa Luxemburg und Karl Liebknecht. Suhrkamp, Frankfurt am Main 1967.
  • Ilse Schiel, Erna Milz (Hrsg.): Karl und Rosa. Erinnerungen. Zum 100. Geburtstag von Karl Liebknecht und Rosa Luxemburg. Dietz Verlag, Berlin 1971.
  • Heinz Wohlgemuth: Karl Liebknecht. Eine Biographie. Dietz Verlag, Berlin 1973.
  • Helmut Trotnow: Karl Liebknecht – eine politische Biographie. Kiepenheuer & Witsch, Köln 1980, ISBN 3-462-01387-4.
  • Annelies Laschitza: Karl Liebknecht. Eine Biographie in Dokumenten. Dietz Verlag, Berlin 1982, ISBN 978-3-320-00814-7.
  • Ossip K. Flechtheim: Karl Liebknecht zur Einführung. Junius, Hamburg 1985 (2. Aufl. 1986), ISBN 3-88506-819-2.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Karl Liebknecht – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Hie gouf op d'Nimm vu senge Pätteren, dem Karl Marx, Paul Singer, August Bebel a Friedrich Engels, genannt