Karl von Holtei

Vu Wikipedia
De Karl von Holtei (1798-1880), Lithographie vum Joseph Kriehuber, 1856

De Karl von Holtei, gebuer de 24. Januar 1798[1] zu Breslau (Wrocław) an do gestuerwen den 12. Februar 1880, war en däitsche Schrëftsteller a Bünenauteur.

Hien ass den Auteur vun "Lenore", engem vaterländesche Schauspill mat Gesank, dat 1828 fir d'éischt zu Berlin gespillt gouf. Am 1. Deel vun deem Stéck ass den Text vum Lidd "Schier dreißig Jahre bist du alt", bei deem et ëm deen alen Zaldotemantel vun engem Kavalleriesënneroffizéier geet. An dem Holtei sengem Buch "Deutsche Lieder" (1834) figuréiert dat Gedicht mam Titel "Das Lied vom Mantel"; gewéinlech gëtt et einfach "Mantellied" genannt. D'Mantellied war am 19. Joerhonnert ganz populär; op seng Weis gëtt dat bekannt Iechternacher "Hämelmaous-Léid" gesongen.

D'Mantellied sengersäits gouf op d'Weis vum ale Vollekslidd "Es waren einmal drei Reiter gefangen", gesongen, déi de Carl Eberwein (1786-1868), Direkter vun der Weimarer Oper, fir dem Holtei seng "Lenore" ugepasst hat.[2]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • ADB, 1881. Allgemeine deutsche Biographie: Holstein - Jesup, Bd. 13. Leipzig 1881, S. 3-5 (Holtei) [1]
  • Anonymus, 1856. Carl von Holtei: eine Biographie. Expedition des Albums, Prag u. Leipzig, 96 S. [2]
  • Brockhaus, 1989. Brockhaus Enzyklopädie in vierundzwanzig Bänden (19. Aufl.). Zehnter Band. Mannheim, F.A. Brockhaus, 704 S.
  • DBE, 2001. Deutsche Biographische Enzyklopädie (DBE). Bd. 5. München, Deutscher Taschenbuch Verlag u. K.G. Saur, XXIII, 680 S.
  • Hoffmann von Fallersleben, A.H., 1860. Unsere volksthümlichen Lieder. 3. Aufl. Vlg. W. Engelmann, Leipzig, XL, 214 S. [3]
  • Holtei, Karl von, 1829. Lenore. Vaterländisches Schauspiel mit Gesang in drei Abtheilungen. Duncker u. Humblot, Berlin, 165 S. [4]
  • Holtei, Karl von, 1834. Deutsche Lieder. C. Glaser, Schleusingen, 220 S. [5]
  • Koning, H. J., 2004. Karl von Holtei (1798-1880) – ein schlesisches Multitalent. Orbis linguarum, 25: 77-97. [6]
  • Massard, J.A., 2010. Aus den frühen Tagen der Echternacher Fastnacht: I. Von den Tanzochsen zum Hämelmaushüpfen. II. Auf den Spuren des Hämelmausliedes. Lëtzebuerger Journal 2010, (I) Nr. 29 (11. Febr.): 21; Nr. 30 (12. Febr.): 20; (II) Nr. 32 (16. Febr.): 17; Nr. 33 (17. Febr.): 18. PDF Zeitung Text mat Referenzen.
  • NDB, 1972. Neue Deutsche Biographie: Hess - Hüttig, Bd. 9. Berlin 1972, S. 553-554 (Holtei).[7]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Karl von Holtei – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Laut Koning 2004, DBE 2001, S. 154, Brockhaus 1989, S. 196, NDB 1972. A Publikatiounen aus dem 19. Joerhonnert (Anonymus 1856, S. 7; Hoffmann von Fallersleben 1860, S. 117; ADB 1881) steet als Gebuertsdatum de 24. Januar 1797. Cf. Massard 2010, Text mat Referenzen, S. 20.
  2. Massard 2010, Text mat Referenzen, S. 21.