Karolos Papoulias

Vu Wikipedia
Karolos Papoulias
Gebuer 4. Juni 1929
Ioannina
Gestuerwen 26. Dezember 2021
Athen
Nationalitéit Griicheland
Educatioun Universitéit vun Athen,
Universitéit vu Mailand,
Universitéit vu Köln
Aktivitéit Politiker, Rechtsberoder, Diplomat, Jurist
Partei PASOK
Member vun Parlamentaresch Versammlung vum Europarot

De Karolos Papoulias (gr.: Κάρολος Παπούλιας), gebuer de 4. Juni 1929 zu Ioannina a gestuerwen de 26. Dezember 2021, war e griichesche Politiker.

Hie war vun 2005 bis 2014 Staatspresident vu Griicheland. Virdru war hien Deputéierten a vun 1985 bis 1989 a vun 1993 bis 1996 Ausseminister.

A sengem Jonktem huet de Papoulias Droit studéiert, ier en am Zweete Weltkrich an d'Resistenz gaangen ass fir géint déi däitsch Besatzung ze kämpfen. Wärend der Diktatur vun de Colonellen (1967-1974) huet e grad an Däitschland Asyl fonnt.

Duerno huet hien déi panhellenesch sozialistesch Partei (PASOK) matgegrënnt a gouf zweemol Ausseminister (1985-1989, 1993-1996).

Den 8. Februar 2005 gouf en op Propositioun vum konservative Premier Kostas Karamanlis zum President vun der Republik gewielt. Am Februar 2010 gouf en erëmgewielt.

2015 gouf de Prokopis Pavlopoulos säin Nofollger.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Karolos Papoulias – Biller, Videoen oder Audiodateien