Kategorie Diskussioun:Familljennimm

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

ech schloe vir, déi Ënnerkategorië "Lëtzebuergesch" resp. "Däitsch Familljennimm" nees ze läschen, well se a mengen Aen net vill Sënn maachen: Wat ass do den Ënnerscheed? Ass "Meyer" e ltz. oder en dt. Numm? Wat gëtt do als Critère geholl? Etymologie? Noweis, datt Leit mat deem Numm an deem spezifesche Land wunnen? d'Nationalitéit vu de Leit mat esou engem Numm?

Dofir geet a mengen Aen "Familljennumm" déck duer.

--Zinneke (Diskussioun) 17:33, 7. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]

Sinn och dofir. Ech ka mäi Bot ustellen d'Katten erauszehuelen --Les Meloures (Diskussioun) 19:50, 7. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]
Merci am viraus un den Här a säin Ugestallten! --Zinneke (Diskussioun) 20:32, 7. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]
Job done  :-) --Les Meloures (Diskussioun) 20:45, 7. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]
Hmmm ech fäerten, däi Bot war zevill efficace: elo ass an de betraffenen Artikele keng Kategorie:Familljennimm méi do. Dës ass zwar a bal alle Fäll identesch mat Kategorie:Homonymie Familljennumm, ma misst awer an de betreffenden Artikele stoen... Kinns De n en nach eng Kéier op den Tour schécken (et presséiert sécher net)? Merci am Viraus!--Zinneke (Diskussioun) 09:39, 8. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]
Remoien kee Problem. Mä déi Kat war jo och ni do well déi aner zwou eropgeleet waren. --Les Meloures (Diskussioun) 09:45, 8. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]
Ass geschitt --Les Meloures (Diskussioun) 10:27, 8. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]
Solle mir net déi Kategorie:Homonymie Familljennumm ganz verschwannen doen. Mécht jo eigentlech kee grousse Sënn --Les Meloures (Diskussioun) 10:47, 8. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]