Kategorie Diskussioun:Haus Lëtzebuerg-Nassau

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Haus Lëtzebuerg-Nassau / House of Nassau-Weilburg[Quelltext änneren]

Moien, op Commons ginn d'Grand-Ducen, mat Prënz a Prinzessin ënner Luxembourgish Royal Family, déi selwer eng Ënnerkategorie vun House of Nassau-Weilburg a vu Royalty of Luxembourg ass.

An deem House of Nassau Weilburg, spréngt dann GD Charlotte an eng sëlleche vun hire Schwesteren erëm, D'GD Jean an Henri awer net, dofir awer z.B. Tessy vu Lëtzebuerg an anerer vum Haff. D' Royalty of Luxembourg ass och nees komplett an deem Nassau Weilburg.

Soll dat alles stëmmen?

Versteet een hei ëppes dovunner a besonnescht wot een do e bëssen Uerdnung ze schafen? No bal engem Edit-war, wou ee stack a steif behaapt irgend eng Bom mat Hutt wier d'Joséphine-Charlotte, ass mir d'Loscht op Diskussioune mat Royaliste vergaang. Tiens, et steet nach ëmmer an der englescher Beschreiwung - kuerz ier si ofgedankt huet - ofgedankt huet se och lo nach! 't léiert een all Dag bäi.

Richteg, soss plot mech am Ament näischt --Jwh (Diskussioun) 23:04, 15. Dez. 2013 (UTC)[äntweren]

Moien, ech hu mer déi Geschicht e bësschen ugekuckt obwuel ech och kee Spezialist dovu sinn. Du hues Recht wat déi Foto vun 1964 betrëfft, do erkennen ech och keng Persoun vum lëtzebuergeschen Haff, weder d'Groussherzogin Charlotte nach d'Josephine-Charlotte. Awer datt Groussherzogin Charlotte 1964 ofgedankt huet fir hire Jong Jean un d'Rudder ze loossen, dat stëmmt.
Dat mat dem House of Nassau Weilburg schéngt ze stëmmen, do si jo nach e puer Ënnerkategorien, Luxembourgian princes‎, Luxembourgian princesses a Luxembourgish Royal Family‎ wou déi Persounen dra sinn déis de vermëss. D'Tessy ass bei de princesses dobäi, dat stëmmt jo och. Et huet just keng eege Kategorie. --MMFE (Diskussioun) 00:03, 16. Dez. 2013 (UTC)[äntweren]
Moien, hat ech vergiess, an der Diskussioun vum Bild ass aus der Charlotte dunn Joséphine-Charlotte ginn. Mä hien huet dat jo op der Telé gesinn, da muss e Recht hunn. Am schweedeschen Text steet näischt esou.
Bei deem aneren ass et mir eigentlech just dorëmmer gaang, datt mir en "Haus Lëtzebuerg-Nassau" a si en "Nassau-Weilburg" hunn. Wann ee lo wisst vu wéini un et Lëtzebuerg-Nassau gëtt, da kinnt een dat creeéieren (eventuel an Nassau Weilburg setzen) an duerno de Schaf opraumen. Mä wéi gesot mir ass déi Saach ze heilkel.
A lo ploe mech aner Saachen --Jwh (Diskussioun) 11:18, 16. Dez. 2013 (UTC)[äntweren]