Kathedral vu Bourges

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Geographesch Koordinaten:
D'Kathedral vu Bourges
Grondrëss
Bannenan

D'Kathedral Saint-Étienne vu Bourges ass e gotesche Sakralbau, deen dem hellegen Stephanus (Étienne, Stiefes) geweit ass. Et ass d'Kathedral vum Äerzbistum Bourges.

D'Kathedral ass baussen 125 Meter laang, 45 Meter breet (mat de Stäip-Pilieren 73,5) a 55 Meter héich (een Tuerm huet der 65). Si steet am südëstlechen Deel vun der Alstad. Südlech dovun ass d'Stadhaus, de Jardin de l'Archevêché, haut e Park, ass just donieft.

Si gouf an der Zäit vum Iwwergank an d'Héichgotik gebaut, a relativ kuerzer Zäit, wat hir eng gewëss Homogenitéit gëtt, a se huet eng ganz Rëtsch vun neien Elementer an hirem Baustil, woufir s'eenzegaarteg ass. Opfälleg ass , datt se kee queescht Schëff huet, an datt eng Krypta dran ass. An där ass de Gisant vum Jean de Berry.

D'Westfassad huet fënnef Portaler: vu riets no lénks sinn do drop: den Ursinus vu Bourges, den Hellegen Etienne, Jéngsterdag, d'Muttergottes an den Hellege Guillaume. An der Kathedral ass déi eelst astronomesch Auer vu Frankräich (si ass vu 1424).

Si gouf 1862 als Monument historique klasséiert, an 1992 als Unesco-Kultur-Weltierfschaft.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Aarbechten hunn ëm 1200 ugfaangen. De Chouer war 1214 fäerdeg gebaut, ëm 1215 war d'Haaptschëff gréisstendeels fäerdeg. Nodeems d'Aarbechten eng Zäitche brooch loungen, gouf d'Gebai dann 1324 vum Äerzbëschof Guillaume de Brosse ageweit. Am 14. Joerhonnert huet den Herzog Jean de Berry d'Haaptfassad an d'Fënsteren fäerdeg maache gelooss. 1506 ass den Nordtuerm an e Koup gefall. Den neien Tuerm, am Flamboyantstil gouf 65 Meter méi héich wéi dee südlechen, dee vun Ufank un net méi héich wéi den Daach war.

1565 hunn Hugenotten d'Stad ugegraff a besat, an d'Kathedral schwéier beschiedegt. Och an der Zäit vun der Franséischer Revolutioun gouf villes futtigeschloen, geklaut oder versteet.

Kinnekskréinungen[änneren | Quelltext änneren]

D'Kathedral vu Bourges huet eng besonnesch Roll bei der Kréinung vun de franséische Kinneke gespillt: De Louis VII. huet Chrëschtdag 1137 an 1145 an der Kathedral zwou Kréinungszeremonien ofgehalen. Och de Louis IX. gouf do gedeeft an den 1. November 1424 gekréint, wat hie fir d'Englänner zum "Kinnek vu Bourges" gemaach huet.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jean-Yves Ribault: Die Kathedrale Saint-Etienne in Bourges. Ouest-France, Rennes 1996, ISBN 2-7373-2165-4.
  • Jean-Yves Ribault: Un chef-d'œuvre gothique: La cathédrale de Bourges. Anthèse, Arcueil 1995, ISBN 2-904420-78-9.
  • François Thomas: Au grand Matin: Le vitrail du Jugement dernier de la cathédrale de Bourges. Mame, Paris 1992, ISBN 2-7289-0505-3.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kathedral vu Bourges – Biller, Videoen oder Audiodateien