Kathedral Notre-Dame vu Reims

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kathedral vu Reims)
Kathedral Notre-Dame vu Reims
Land Frankräich
Gemeng Reims
Koordinaten 49°15'14"N, 4°2'3"O
Datum vum Bau 13. Joerhonnert (Ufank)
14. Joerhonnert (Enn)
Opgaangen 1275

D'Kathedral Notre-Dame vu Reims ass eng kathoulesch Kathedral an der franséischer Stad Reims am Departement Marne, an der Regioun Grand Est.

Et ass aus architektonescher Siicht mat eng vun de bedeitendste gotesche Kierchen a Frankräich, an och historesch huet se eng wichteg Roll gespillt: Joerhonnertelaang goufen hei déi franséisch Kinneke gekréint. Haut ass et d'Kathedral vum Äerzbistum Reims.

Mat iwwer enger Millioun Visiteuren ass et eng vun de gréissten Attraktiounen an der Champagne. D'Kathedral gouf 1991 op d'Lëscht vun de Kulturierfschaften vun der UNESCO agedroen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Am Ufank vum 13. Joerhonnert gouf mat hirem Bau ugefaangen, nodeems de Virgängerbau duerch e Feier zerstéiert gi war. Am 14.Joerhonnert waren d'Aarbechten sou wäit fäerdeg. Am Eischte Weltkrich gouf se duerch däitsch Grananten deelweis schwéier beschiedegt,

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Moossen[änneren | Quelltext änneren]

  • Héicht vun den zwéin Tierm: 81,5 m
  • Längt bannenan: 138 m, dovun:
  • Virschëff 16,5 m
  • Schëff: 38 m
  • Breet vum Schëff: 14,65 m
  • Längt vum Queeschschëff: 61 m
  • Breet vum Queeschschëff: 30,7m
  • Breet vun der Westfassad: 48,8 m
  • Fläch vum Gebai: 6650 m2
  • Duerchmiesser vun der Rosette op der Westfassad: 12,5 m

Dat Markantst un der Kathedral ass hir Westfassad, déi räich dekoréiert ass mat Figuren a Reliefer. Déi zwéin Tierm laanscht déi Fassad sinn 81 Meter héich - mat enger Tuermspëtzt, déi net gebaut gouf, wäre se der 120 héich ginn. Um Haaptportal ass d'Muttergottes ze gesinn, als Madonna mam Jesuskand op enger Sail tëscht den Dieren, an uewendriwwer, an engem Spatzbou, wéi se am Himmel gekréint gëtt. An der Mëtt vum der Westfassad as d'Haaptrosette, mat uewendriwwer der "Galerie vun de Kinneken", dorënner d'Duerstellung vun der Daf vum Chlodwig I. an d'Statue vu sengen Nofollger. Dat südlech geleeënt Portal weist Jéngsterdag, iwwerdeems um nërdlech geleeënen d'Kräizegung vu Christus ze gesinn ass. Ënnert de Statuen do drënner ass och dee bekannten "Engel dee laacht".

D'Haaptschëff bannenan ass 139 Meter laang, d'Queeschschëff 55 Meter.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kathedral Notre-Dame vu Reims – Biller, Videoen oder Audiodateien