Op den Inhalt sprangen

Kathedral vu Vilnius

Vu Wikipedia
Kathedral vu Vilnius
Land Litauen
Gemeng Vilnius
Koordinaten 54°41'9,20"N, 25°17'16,36"O
Baustil neoklassizistesch Architektur
Datum vum Bau 1387 (julianesch)
Opgaangen 1783

D'Kathedral vu Vilnius, (op Litauesch Vilniaus Šv. Stanislovo ir Šv. Vladislovo arkikatedra bazilika „Vilniusser Kathedral St. Stanislaus a St. Ladislaus“) ass d'réimesch-kathoulesch Kathedral vum Bistum Vilnius.

Hiert haitegt Ausgesinn geet op en Entworf am klassizistische Stil vum Laurynas Gucevičius zeréck a gouf 1801 fäerdeggebaut. Wéi bei ville Kierchen am Baltikum steet de Klackentuerm separat.

D'Patréiner sinn den hellege Bëschof Stanislaus vu Krakau an den hellege Ladislaus I., Kinnek vun Ungarn.

Si steet op der Kathedraleplaz an der Alstad vu Vinius.

Dat haitegt Gebai steet op der Plaz vun enger klenger dräischëffeger hëlzener Kierch, déi zu der Zäit vum Kinnek Mindaugas am 13. Joerhonnert opgeriicht gouf, do, wou bis dohin eng heednesch Kultplaz war. De Mindaugas war aus politesche Grënn zum Chrëschtentum iwwergetrueden. Dono huet et awer nach e gutt Joerhonnert gedauert, bis et mam Chrëschtentum eescht gouf: Fir déi polnesch Kroun ze kréien, huet de Groussfürst Jogaila sech deefe gelooss an 1387 eng nei Kierch opriichte gedoen. Dës gouf Bëschofssëtz an och de Sëtz vun der éischter reliéiser Schoul.

1419 ass dëst Gebai ofgebrannt a gouf ënner dem Groussfürst Vytautas duerch en neit am gotesche Stil ersat. Am Laf vum 15. a 16. Joerhonnert goufen op béide Säite Kapellen ugebaut. All Kéiers no engem Brand gouf, am Baustil vun dunn, Renaissance (1534-1557) a Barock (1612-1632), d'Gebai ëmgebaut. 1624-1636 gouf d'Kasimir-Kapell opgeriicht. Nom Krich mat Moskau, 1654-1657, dee vill Schued gemaach huet, gouf d'Kathedral 1666-1676, besonnesch bannenan, frësch gemaach. 1769 ass de Blëtz an ee vun den Tierm geschloen, dee beim barocken Ëmbau vum Portal gebaut gi war, an en ass an e Koup gefall.

Vu 1783 bis 1801 gouf d'Gebai, dës Kéier am klassizistesche Stil, wéi en haut nach ze gesinn ass, no Pläng vum litaueschen Architekt Stuoka-Gucevičius, ëm- an nees opgebaut.

Nom Zweete Weltkrich, wärend der Sowjetherrschaft, war d'Gebai eng Konschtgalerie.

Zanter 1989 ass et nees eng Kierch.

Commons: Kathedral vu Vilnius – Biller, Videoen oder Audiodateien