Keng Tawng

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Asien ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Keng Tawng
Land Myanmar
Vewaltungseenheet Township Mong Nai
Fläch ?
Héicht 800-900
Koordinaten 20° 45’ 26’’ N
      98° 17’ 36’’ O

Keng Tawng, oder Kengtawng (op Birmanesch: ကျိုင်းတောင်းမြို့ , op Shan-Sprooch: ၵဵင်းတွင်း၊ ဝဵင်း, offiziellen engleschen Numm: Kengtaung[1]), ass eng Uertschaft (Ward) am Oste vum Myanmar. Si läit am Township Mong Nai am Distrikt Loilem vum Bundesstaat Shan[2].

Se huet 10.796 Awunner, hirer 5.937 si Männer a 4.859 si Fraen (Stand: 2014). 7,5 % (805 Awunner) vun der Bevëlkerung schaffen an der Landwirtschaft[1].

Historesch war Keng Tawng, dat och Kéng Tawng, Kyaing Taung oder Kengtawng genannt gouf, ee vun zwéin "Ënnerstaate" vum fréiere Shan-Staat Mongnai[3].

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 The 2014 Myanmar Population and Housing Census: 66. Census Report Volume 2. Nay Pyi Taw : Ministry of Immigration and Population, May 2015. (en)
  2. http://www.burmalibrary.org/docs6/MIMU001_A3_SD%20&%20Township%20Overview.pdf
  3. Chisholm, Hugh, ed. (1911). "Mōng Nai". Encyclopædia Britannica. 18 (11th ed.). Cambridge University Press. p. 710.