Kepler-452
Kepler-452 | |
Numm | Kepler-452 |
Stärebild: | Cygnus (Cyg)
|
Daten | |
Equinoxe | J2000.0 |
Rektaszensioun | 19h44m00,883s |
Deklinatioun | + 44° 16' 39,22" |
visuell Magnitude | 13,426 mag |
Spektralklass: | G2 |
Astrometrie | |
Radialvitess: | ? km/s |
Parallax: | (18,71 ± 1,26) |
Distanz | 1400 Lj. |
Alter | 6 ± 2 Milliarde |
Physikalesch Eegenschaften | |
Mass: | 1,037+0,054−0,047 |
Radius: | 1,11+0,09−0,15 |
Metallizitéit: | 0,21 ± 0,09 |
Uewerflächentemperatur | 5757 ± 85 K |
Aner Bezeechnungen | |
Kepler | Kepler-452 |
KIC | KIC 8311864 |
KOI | KOI-7016 |
2MASS | J19440088+4416392 |
WISE | J194400.89+441639.2 |
De Kepler-452 ass e Gielen Zwerg am Stärebild Cygnus. Hie läit op enger Distanz vun ongeféier 1400 Liichtjoer vun eiser Sonn ewech. De Stär huet eng Temperatur, déi där vun eiser Sonn gläicht. De Stär ass awer ëm 20 % méi hell an huet een ëm 10 % méi grousse Radius. Seng Spektralklass (G2) ass déi selwecht wéi déi vun eiser Sonn.
Déi bis elo séierst Raumsonden Helios 1 an 2 géife knapps sechs Millioune Joer brauchen, fir d'Distanz tëscht eisem Sonnesystem an dem Kepler-452 zeréckzeleeën.
Planéitesystem
[änneren | Quelltext änneren]Duerch Observatioune vum Weltraumteleskop Kepler gouf den 23. Juli 2015 d'Entdeckung vun engem Exoplanéit ëm de Kepler-452 bekanntgemaach, deen d'Bezeechnung Kepler-452b krut. De Planéit huet ongeféier den 1,6-fachen Duerchmiesser vun eiser Äerd. Hie kreest ëm säin Zentralstär an enger habitabler Zon bannen 385 Äerddeeg. Méiglecherweis handelt et sech beim Kepler-452b ëm e Gestengsplanéit, op deem flëssegt Waasser kéint sinn.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Kepler-452b – Biller, Videoen oder Audiodateien |