Kepler-69c
Exoplanéit Kepler-69c | |
---|---|
Eegenschafte vum Orbit (Epoch J2000.0) | |
Rektaszensioun | 19h 32m 40,388s[1] |
Deklinatioun | + 44° 52' 51,309"[2] |
Stärebild | Cygnus (Cyg)
|
Radius | 1,589 R⊕[2] |
Rotatiounsperiod | 242,46 Deeg[2] |
Entdecker | Kepler Teleskop |
Datum vun der Entdeckung | 2013 |
De Kepler-69c oder KOI-172.02 (Kepler Object of Interest) ass en Exoplanéit, deen ëm de Stär Kepler-69 am Stärebild Cygnus kreest. Hie gouf 2013 mat der Transitmethod vum Kepler-Weltraumteleskop entdeckt.
Éischt Analyse koumen zum Resultat, datt de Kepler-69c an der Habitabler Zon kéint sinn. De Planéit ass ongeféier 60 Prozent méi grouss wéi eis Äerd a fält domat an d'Kategorie vun de Superäerden.[2] Weider Ënnersich besoen zwar, datt et sech duerch déi kleng Distanz zum Stär éischter ëm eng Supervenus handelt, op där no haiteger Virstellung kee Liewen entstoe kann.[3]
Ëmlafbunn
[änneren | Quelltext änneren]De Planéit kreest ëm säin Zentralstär Kepler-69 op enger Distanz vun 0,64 AE an 242,46 Deeg mat enger Bunnschréi vun 89,85°.[2] Nieft dem Kepler-69c gouf mam Kepler-69b e weidere Planéit entdeckt, deen de Kepler-69 an 13,72 Deeg ëmkreest.[4]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- A super-Earth-sized planet orbiting in or near the habitable zone around Sun-like star am Astrophysical Journal, Editioun 768
- Kepler-69c bei SIMBAD