Donatuskierch zu Gréiwels

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kierch Gréiwels)
Kierch vu Gréiwels
Filialkierch vu Gréiwels (2015)

Filialkierch vu Gréiwels (2015)
Filialkierch vu Gréiwels (2015)
Uertschaft / Plaz Gréiwels
Par Par Atertdall
Sainte-Claire
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Donatus
Konsekratioun 1864
Baujoer 1863
Koordinaten 49° 51’ 07.0’’ N
      05° 54’ 46.0’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Donatuskierch zu Gréiwels ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Atertdall Sainte-Claire, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Groussbus-Wal gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellegen Donatus, deem säi Fest den 30. Juni gefeiert gëtt.

D'Kierch steet op der Haaptstrooss, dem CR308, nieft der Schoul. Ronderëm d'Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Zur fréierer Par Randschelt hunn ausser der Filialkierch vu Gréiwels och nach d'Parkierch vu Randschelt, d'Kapell vun Heeschpelt an d'Filialkierch vu Kéiber gehéiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1860 gouf landeswäit fir de Bau vun enger Kierch zu Neibrasilien, wéi d'Uertschaft deemools och nach geheescht huet, gesammelt.[1] 1861 sinn d'Aarbechte lassgaangen an 1864 gouf d'Kierch ageseent. 1868 hat Gréiwels awer nach ëmmer kee Paschtouer. D'Regierung gouf gebieden, deenen aarme Leit vu Gréiwels ënner d'Äerm ze gräifen. D'Regierungsmembere Servais a Metz bedaueren, de Staat kéint soulaang net hëllefen, wéi kee Paschtoueschhaus am Duerf existéiert.[2]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Donatuskierch zu Gréiwels – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Cf. d'Luxemburger Wort vum 31. August, 2., 5., 12. a 14. September, an 12. Oktober 1860 op www.eluxemburgensia.lu.
  2. Cf. Luxemburger Wort vum 25. Februar 1868 op www.eluxemburgensia.lu.