Kierch Mäerzeg

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Kierch vu Mäerzeg
Parkierch vu Mäerzeg (2012)
Uertschaft Mäerzeg
Par Uewermäerzeg
Numm / Patréiner Hl. Stephanus
Konsekratiounsjoer -
Architekt(en) -
Kierchen - Kapellen

D'Kierch vu Mäerzeg ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Uewermäerzeg, zum Parverband Ettelbréck, zu der Pastoralregioun Zentrum, zum Dekanat Dikrech an zu der Gemeng Mäerzeg gehéiert. Responsabel ass de Paschtouer Maurice Péporté, deen zu Ettelbréck wunnt.

De Patréiner vun der Kierch ass den Hellege Stephanus (Étienne), deem säi Fest de 26. Dezember gefeiert gëtt.

D'Kierch steet op der Kräizung vun der Haaptstrooss (rue Principale), der N21, mat der Strooss Floetz. Nieft der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Zur Par Uewermäerzeg gehéieren ausser der Parkierch vu Mäerzeg och nach d'Kapell vu Mäerzeg an d'Nikloskapell zu Méchelbuch.

Klacken[änneren | Quelltext änneren]

An der Kierch vu Mäerzeg hänke véier Klacken, déi an den Téin Si Sol#, Fa#, Mi, och h' gis' fis' dis' genannt, lauden.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Mäerzeg – Biller, Videoen oder Audiodateien