Kierch vu José

Vu Wikipedia
Kierch vu José

Uertschaft / Plaz José
Par José
Numm / Patréiner Hl. Tunn
Konsekratioun (1.) 5. August 1757
(2.) 21. Juni 1911
Architekt(en) (1.) Onbekannt
(2.) Ch. Philippart
Baujoer (1.) 1745
(2.) 1908
Koordinaten 50° 37’ 48.50’’ N
      05° 46’ 19.66’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch vu José ass eng kathoulesch Kierch zu José an der Provënz Léck. D'Gebai ass jee no Quell mat Mollongen aus dem Ourhedall oder aus enger Carrière op der Gileppe gebaut ginn. De Baustil ass fréigotesch (13. Joerhonnert) mat romaneschen Elementer. De Patréiner ass den Hl. Tunn an dern Niewepatréiner den hellege Jousef

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Kappell vu José war scho fir déi Zäit an deem klengen Nascht mat 9 × 4 Meter zimmlech grouss. De Bau goung op eng Baugeneemegung vum Prënzbëschof Jean Théodore vum 2. Juni 1744 zeréck.

Jean-Théodore, par la grâce de Dieu, Evêque Prince de Liège, a tous ceux qui ces présentes verront, salut. Voulant contribuer autant qu'il est en notre pouvoir au bien spirituel des habitants de José sous la paroisse de Herve, de notre diocèse de Liège. Nous leur avons permis le 2 juin 1744 de faire bâtir une chapelle au dit village, sous la dot, clauses et conditions reprises dans les instrumens cy-joints, etc...

D'Kapell gouf de 24. Oktober 1745 vum Paschtouer vun Herve ageseent an hien huet och déi éischt Mass do gehalen. De 5. August 1775 gouf se du vum Lécker Weibëschof Pierre-Louis Jacquet konsekréiert.

Praktesch ee Joerhonnert duerno den 11. Juli 1842 gëtt José mat engem bëscheeflechen Dekreet vum Corneille van Bommel an de Rang vun enger Paroisse succursale erhuewen. Dobäi ginn och d'Grenze vun der Par festgeluecht. Duerno ass et um Buergermeeschter Michel Cheslet fir vis-à-vis vun der Kapell e Paschtoueschhaus ze bauen. Dat Haus steet haut nach.

1854, hat d'Bevëlkerung vun der Uertschaft zougeholl, sou datt d'Schëff vergréissert gouf an et gouf eng Sakristei bäigebaut. Mat där Vergréisserung gouf den 10. Juni 1854 ugefaangen an den Entrprener war e gewësse Léopold Lacroix vu Soiron. Bei där Geleeënheet koumen och zwéi gipse Säitenaltär an d'Kapell an eng Klack vun 88 kg. 1858 gouf nei ugestrach an 1859 gouf zu Xhendelesse fir 35 Frang en Tableau mam Thomas vun Aquin kaaft, deen den Delcloche 1743 gemoolt hat an deen op den Haaptaltor koum. 1864 gouf de Buedem frësch gemaach, et goufen nei Bänken ugeschaaft an et goufen Eeche Ställercher opgeriicht.

Déi haiteg Kierch ass vun 1908 a gouf vun der Entreprise Brandt Frères vu Welkenrardt gebaut. Se gouf den 21. Juni 1911 konsekréiert an d'Pläng ware vum Architekt Charles Philippert vun Herve, deen däi Zäit vill Pläng fir de Bistum Léck gemaach huet an och fir Aarbechten am Bëschofspalais zoustänneg war. D'Kierch ass vum Stil hier e bësselchen ausgefalen. Den Tuerm ass rechteckeg amplaz véiereckeg wéi d'Majoritéit vun de Kierchtierm an en a steet och net widder der Kierch, mä ass e bëssen an d'Faasad agebaut. Iwwer dem Klackestull war e Suedeldaach op deem an der Mëtt déi kleng Tuermspëtz wéi en Daachreider erausgekuckt huet.

Am Dezember 1993 huet d'Tuermspëtz Schwächte gewisen, sou datt se huet missen ofmontéiert ginn, fir datt den Tuerm konnt stabiliséiert ginn. Dobäi goufen och d'Klacken aus dem Tuerm geholl. Déi stoungen dunn e Strapp an enger Scheier bis se 2014, an der Kierch selwer, e Gerëscht kruten. 20 Joer méi spéit hu sech dunn Deeler aus der Fassad geléist. Du gouf déi mol provisoresch mat Tirfongen an hëlzen dunne Dunne baussen iwwer der Entrée stablisiséiert, wat sech allerdéngs net flott ugesäit.

Uergel[änneren | Quelltext änneren]

D'Uergel vum Uergelbauer Dieudonné-Joseph Comblain ass vun 1855 a stoung am Ufank an der Kierch vu Battice. 1982 gouf se restauréiert.