Op den Inhalt sprangen

Kierfechtorbit

Vu Wikipedia
Bekannt Positioune vu Weltraumschrott

Als Kierfechtorbit (englesch: graveyard orbit), Kierfechtëmlafbunn oder kuerz Kierfechtbunn bezeechent een eng Äerdëmlafbunn ("Orbit") fir ausgedéngte äerdwäit Satellitte. Wärend Raumfluchkierper op niddregen Orbits (LEO) duerch Erofsetze vun der Fluchbunn an der Atmosphär entsuergt ginn, ass den Aschoss op méi eng héich Ëmlafbunn déi eenzeg Optioun fir äerdsynchron Satellitte (GEO).[1]

D'Endlagerung vun deene Objete ass néideg, well déi fir Satellitten interessant Ëmlafbunne gefroz sinn a well si duerch Ofdriften (a méi niddreg Orbiten och duerch Ofbremsen an der Restatmosphär) zu enger Gefor fir aner Satellitte, Raumfären an (duerch Ofstuerz) och fir d'Äerd kéint ginn, kuckt Weltraumschrott.

Déi begrenzt Liewensdauer vun engem Satellit ergëtt sech haaptsächlech doduerch, datt nieft diverse méiglechen Defekter virun allem de bordergenen Dreiffstoff, deen zu der Stabiliséierung vun der Orbit-Positioun noutwendeg ass, verbraucht ass oder nëmme nach fir e puer kleng Manöver an eng aner Ëmlafbunn reecht.

De Kierfechtorbit läit an der Reegel iwwer dem regulären Orbit vun de Satellitten, am Fall geostationärer Satellitten ëm ongeféier 300 km (Supersynchronen Orbit). Wann ee geostationäre Satellit e Kierfechtorbit ënnerhalb der geosynchroner Ëmlafbunn (GEO) anhëlt, besteet ëmmer d'Gefor, datt hie mat engem neie Satellit op där zum GEO féierender GTO-Bunn kollidéiert. Den Inter-Agency Space Debris Coordination Committee (IADC) leet dee fräizehalende Beräich vun der geosynchroner Ëmlafbunnen op ±200 km an ±15 ° vun der geostationärer Bunn fest. Déi minimal Bunnhéicht vum Kierfechtorbit iwwer dem geostationären Orbit soll wéinst méiglecher gravitatiounsbedéngter Bunnstéierungen ëm weider 35 km a wéinst solarstralungsdrockbedéngter Bunnstéierungen ëm e weidere vun den Eegenschafte vum Satellit ofhängeger Gréisst ausgebreet ginn:

Dobäi ass de Reflektivitéitskoeffizient vum Satellit, seng maximal Schiedfläch a seng Mass. De Reflektivitéitskoeffizient ass 1 bei vollstänneger Absorptioun, 2 bei vollstänneger Reflexioun, also bei ideal schwaarzem respektiv verspigeltem Satellit. An der Praxis läit hie meeschtens tëscht 1,2 an 1,5.

E puer ausgefale geostationär Satellitte konnten net méi verluecht ginn a stellen e Risiko fir aner geostationär Satellitten duer. Aner versoten, wärend si no enger Stéierung zeréck op hir Positioun am GEO bruecht goufen. Sou läit beispillsweis de Kierfechtorbit vum Kommunikatiounssatellit DFS-Kopernikus 3 ongeféier 100 km ënnert der äerdsynchroner Ëmlafbunn. Do gouf hien nom Ofdriften duerch en Defekt wärend der Entscheedung zum weidere Virgoe stabiliséiert. Ausserdeem war d'Bunn domat net méi geostationär an de Satellit war wéi geplangt laanscht den Equator op seng fréier Positioun zougedrift. Leider hat hie net méi genuch Dreifstoff, fir an de GEO zeréckzekommen, sou datt hien an deem ongënschtege Kierfechtorbit blouf.

Fir d'Bunnverännerung gëtt eegens ageplangten Dreifstoff benotzt. Hunn d'Satellitten d'Kierfechtbunn erreecht, gëtt de Reschtdreifstoff ofgelooss an d'Batterien entlueden, fir enger Zerleeung vum Satellit duerch onkontrolléiert Energiefräisetzung zevirzekommen.

Portal Astronomie

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. esa.int: Mitigating space debris generation