Inter-Agency Space Debris Coordination Committee

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

De Inter-Agency Space Debris Coordination Committee (IADC) ass en internationale Forum vu Weltraumorganisatiounen fir d'Koordinatioun kollektiver staatlecher Aktivitéiten zum Thema Weltraumschrott. Den IADC ass keng juristesch Persoun an huet och keng juristesch Vertriedung, mä lieft nëmmen duerch déi praktesch Zesummenaarbecht vun de Memberen.

Den IADC gëtt och ouni Respekt a kritesch als Club vun de Weltraumverschmotzer bezeechent, well den allergréissten Deel vum Weltraumschrott vun de weltraumfuerende Natioune selwer gemaach gouf.[1]

Opbau[änneren | Quelltext änneren]

Déi praktesch Zesummenaarbecht ass organiséiert an enger Grupp (steering committee) mat véier Aarbechtsgruppe (Working Groups),

  • WG 1 fir Miessunge,
  • WG 2 Ëmwelt an Datebank,
  • WG 3 Schutz (viru Weltraumschrott) an
  • WG 4 Kierzung (Zil: Verkierzung vum Weltraumschrott).

All Membere mussen an der Grupp an an der WG 4 vertruede sinn. An den iwwregen Aarbechtsgruppen ass d'Mataarbecht vun zwee oder dräi Experte jee Memberorganisatioun méiglech an erwënscht, awer keng Pflicht.

Memberschaften[änneren | Quelltext änneren]

2014 ware folgend Weltraumagenture Member vum Tëschenagenturleche Koordinationskomitees für Weltraummüll:[2]

Geschicht vum Comitee[änneren | Quelltext änneren]

De Comitee gouf 1993 vun der ESA, Japan, der NASA an der russescher Raumfaartagentur RKA gegrënnt.[3]

2002 hunn d'IADC-Membere eng Eenegung iwwer kollektiv Richtlinne zu der Verkierzung vu Weltraumschrott erzilt. 2003 huet de Subcomitee SC 14 Space systems and operations (Raumfaartsystemer an -operatioune) vum Technesche Comitee TC 20 Aircraft and space vehicles (Loftfaart- a Raumfaartgefierer) vun der Internationaler Organisatioun fir Normung (ISO) d'Aarbechtsgrupp Orbital Debris Coordination Working Group (ODCWG) ageriicht. Zil vun der ISO/TC 20/SC 14 ODCWG war d'Entwécklung vu Standarden fir Raumfaartoperatioune mam Zil vun der Verkierzung vu Weltraumschrott.[4]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Hervé Ponchelet: Au péril des épaves, Le Point, 7. Mäerz 2003 (franséisch).
  2. [1]
  3. Georg M. Levin (NASA), Walter Flury: Inter-Agency Space Debris Coordination Committee (IADC), S. 3, 1997 (PDF, d'RKA gëtt am Dokument deelweis och als RSA bezeechnet)
  4. Dr. Emma Taylor, United Kingdom lead, ISO/TC 20/SC 14, Orbital Debris Coordination Working Group: Reducing orbiting space debis in ISO Focus, Oktober 2005, S. 13–15