Kirren

Vu Wikipedia

D'Kirren ass eng Lackjuegd, wou d'Wëld mat klenge Quantitéite Fudder gelackelt gëtt fir et dann, kuerz nom Ausleeë vum Fudder, ofzeschéissen.[1]

D'Fiddere vum Wëld, wat iwwert dat hei beschriwwent Kirren erausgeet, ass verbueden.

Eng Salzleck ass kee Kirren an ass ouni Beschränkungen erlaabt.

Wat fir Déieren däerfe gekirrt ginn?[änneren | Quelltext änneren]

Wat fir e Fudder a wéi vill däerf ausgeluecht ginn?[änneren | Quelltext änneren]

fir d'Idderzer[änneren | Quelltext änneren]

Et sinn erlaabt: Rommelen, Hee, Gras, Gras-silage, Muerten, regionaalt Uebst, Trester mat oder ouni vermëschter Huewer.

Et si maximal fënnef Liter pro Kirrplatz erlaabt.

D'Idderzer däerfen nëmme wärend den Ëffnungszäiten vum Hirsch gekirrt ginn.

fir d'Allesfrësser[änneren | Quelltext änneren]

Et sinn nëmme Kären a Mais erlaabt. Déi Produite musse sou ausgeluecht ginn, datt d'Idderzer net drun kommen.

Et ass ee Liter Kären oder Mais pro Kirrplaatz erlaabt.

Wéi vill Kirrplaze pro Lous sinn erlaabt?[änneren | Quelltext änneren]

Fir all 50 Hektar Bësch, an nach eng fir déi ugebrachen 50 Hektar, ass eng Kirrplatz fir d'Idderzer an eng fir d'Allesfrësser erlaabt. Déi exakt Koordinate vun de Plaze mussen der Natur- a Bëschverwaltung gemellt ginn.

D'Plaze mussen am Bësch sinn, ausser déi fir den Hirsch.

Op wat muss een nach oppassen?[änneren | Quelltext änneren]

D'Kirre muss manuell geschéien. Automatesch Apparater esou wéi d'Ausleeë vun net natierlechen oder verschaffte Liewensmëttel, vu verduerwene Produiten, vu Fleesch oder verschafftem Fleesch si verbueden. De Minster kann, am Kader vun der Bekämpfung vun enger Seuch, erlaben, datt Liewensmëttel mat zousätzleche Chemikalien ausgeluecht ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Groussherzoglecht Reglement vum 9. Oktober 2012