Kläranlag Kautebaach

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Mikroskopeenheet am pedagogesche Klassesall an der Kläranlag Kautebaach

D'Kläranlag Kautebaach ass am Oktober 2008 a Betrib gaangen.

D'Kläranlag, déi zu Kautebaach direkt nieft der Gare läit, gouf am Kader vun engem LEADER-Projet sou konzipéiert, datt si an der Ëmweltbildung kann agesat ginn. D'Ofwaasser fléisst deels duerch oppe Leitunge soudatt ee verschidde Klärzoustänn gesäit.

En didaktescht Konzept mat engem Léierpad an engem pedagogesche Sall erlaabt sech iwwer follgend Theemaen z'informéieren: d'Versuergung mat Drénkwaasser, d'Behandlung vum Ofwaasser an d'Aspuere vu Waasser. Zilpublikum sinn d'Schoulen an de "Grand Public".

De pedagogesche Projet gouf vun der Gemeng Kiischpelt zesumme mat dem Ofwaassersyndikat SIDEN am Kader vum LEADER-Programm vun der Regioun Réiden-Wolz ëmgesat. Käschtepunkt vum Projet "Sentier pédagogique - Station d'épuration Kautenbach", wéi en offiziell heescht: 56.695,81 € (Kofinanzéierung: 20% EU, 40% Staat, 40% Gemeng Kiischpelt).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kläranlag Kautebaach – Biller, Videoen oder Audiodateien

Fotoalbum[änneren | Quelltext änneren]