Klein (Familljennumm)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Klein)
Op dëser Säit stinn eng Partie Artikele vu Leit, déi de selwechte Familljennumm hunn an dofir ausernee gehale musse ginn. Fir méi Informatiounen, liest wgl. den Artikel iwwer d'Homonymie an der Wikipedia.

Klein ass een am däitschsproochege Raum, och zu Lëtzebuerg, wäit verbreete Familljennumm. E geet zeréck op d'däitscht Wuert fir kleng.

Zu Lëtzebuerg hunn am Joer 1880 1.269 Leit sou geheescht, 1930 waren et der 1.328 an am Joer 1980 gouf et do 1.301 Leit mat deem Numm.[1]

Et ass de Familljennumm vun ë. a. follgende Persounen:

  • Adolphe Klein (1885-1967) lëtzebuergesche Politiker;
  • Arthur Klein, Auteur vu Bicher iwwer d'lëtzebuergesch Eisebunn
  • Carlo Klein (1963) lëtzebuergeschen Ekonomiesprofesser an Ekonomist;
  • Chrëscht Klein (1942-2024) lëtzebuergeschen Architekt;
  • Edmond Joseph Klein (1866-1942), lëtzebuergeschen Naturwëssenschaftler an Dramatiker;
  • Felix Klein, däitsche Mathematiker;
  • Fernande Klein (1922-1984), lëtzebuergesch Kënschtlerin;
  • Fritz Klein (1924-2011), däitschen Historiker;
  • Henri Klein ("Bizzi Klein"; 1944-1995), lëtzebuergesche Foussballspiller;
  • Jean Klein (1823-1890), lëtzebuergesche Paschtouer an Auteur;
  • Jean Klein (1942), lëtzebuergesche Foussballist;
  • Jean Klein, lëtzebuergesche Gewerkschaftler;
  • Jean-Baptiste Klein (-1894), lëtzebuergeschen Nottär, Deputéierten a Member vum Staatsrot;
  • Jean-Pierre Klein (1944), lëtzebuergeschen Affekot a Politiker;
  • Louis Klein, (1868-1943), lëtzebuergeschen Agronom, Ingenieur, Verwaltungsdirekter a Moler;
  • Mars Klein (1948), lëtzebuergesche Journalist, Kabarettist an Auteur;
  • Martin Klein (1848-1907), lëtzebuergeschen Dokter;
  • Melanie Klein (1882-1960), éisträichesch-brittesch Psychanalytikerin;
  • Nico Klein (1930), lëtzebuergesche Schéisser an Olympionik;
  • Nicolas Klein (-1931), lëtzebuergesche Politiker;
  • René Klein (1945), lëtzebuergesche Lycéesprofesser, Historiker, Heraldiker a Genealog.
  • Robert Klein (1955), lëtzebuergesche Moler;
  • Roger Klein, lëtzebuergeschen Enseignant a Politiker;
  • Willy Klein (1912 - 2004), lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut Grand-ducal, Section de linguistique, de folklore et de toponymie: Geographie der Luxemburger Familiennamen (nach der Volkszählung von 1930). Beiträge zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde Nr. XVIII. Luxemburg 1989, S.424.