Kompromëss vu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia

Kompromëss vu Lëtzebuerg gouf en Ofkommes genannt, dat den 29. Januar 1966 Divergenzen an der Agrarpolitik vun der EWG an domat d'franséisch "Politik vum eidele Stull" op en Enn bruecht huet. Lëtzebuerg hat deemools d'Conseilspresidence.

Den 1. Juli 1965 goufen d'Verhandlungen iwwer den Agrarfonds duerch Frankräich ënnerbrach. E puer Méint laang huet Frankräich keng Ministere méi an d'Reunioune vum Conseil vun der Europäescher Gemeinschaft geschéckt, sou datt dee keng Decisioune méi konnt huelen.

De sougenannte Lëtzebuerger Kompromëss huet virgesinn, datt de Conseil a Fäll, bei deenen e grondsätzlech mat qualifizéierter Majoritéit entscheede kéint, viruverhandele misst, wa "ganz wichteg Intressië" vun engem Memberstaat betraff wieren. Am Text gouf d'ënnerschiddlech Opfaassung vu Frankräich op der enger Säit, deenen anere 5 Länner op der anerer, och däitlech: Frankräich hätt gär gehat, datt a sou engem Fall sou laang viruverhandelt sollt ginn, bis en unanimt Resultat virleie géif; déi aner Staaten hu festgestallt, datt et keng Eenegung doriwwer géif, wat geschéie sollt, falls keng Unanimitéit zustan kéim. Dofir war de Lëtzebuerger Kompromëss am Fong guer kee Kompromëss, mä en Text, deen d'Meenungsverschiddenheeten iwwer d'Applikatioun vu Vott mat qualifizéierter Majoritéit schrëftlech dokumentéiert huet.

Duerch dëst Iwwereneekommes ass awer eng Zort Gewunnechtsrecht entstanen, nodeem d'Memberstaate bei wichtege Fäll soulaang viruverhandelen, bis datt se e Konsens erreechen. Och wann et deemno net juristesch verbindlech ass, gëtt dat an der Praxis agehalen, och an deene Fäll, wou eng qualifizéiert Majoritéit duergoe géif.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Jean-Marie Palayret, Helen Wallace, Pascaline Winand (Hrsg.): Visions, Votes and Vetoes. The Empty Chair Crisis and the Luxembourg Compromise Forty Years On. Peter Lang, Bruxelles/Bern/Berlin, 2006, ISBN 978-90-5201-031-1.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]