Kongresshal vu Berlin

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Kongresshal vun 1957 am Quartier Berlin-Tiergarten. Fir déi vun 1964 am Quartier Berlin-Mitte, kuckt wgl. Kongresshal op der Alexanderplaz.
Kongresshal vu Berlin
Land Däitschland
Plaz Berlin-Tiergarten
Adress 10, John-Foster-Dulles-Allee
Koordinaten 52° 31’ 8.04’’ N
      13° 21’ 55.08’’ O
Baustil Modern Architektur
Architekt(en) Hugh Stubbins
Statut Klasséiert Monument
Datum vum Bau 1956-1957
Opgaangen 1957

D' Kongresshal vu Berlin ass e Gebai fir Evenementer an Ausstellungen zu Berlin an der John-Foster-Dulles-Allee am Quartier Berlin-Tiergarten. Et ass zanter 1989 de Sëtz vum Haus der Kulturen der Welt (a gëtt heiansdo och dono gennnt).

D'Gebai gouf 1956/1957 als Bäitrag vun der Vereenegte Staaten fir d'International Bauausstellung Interbau, no de Pläng vum Architekt Hugh Stubbins, opgeriicht. Et gouf vun der dofir ageriichter Benjamin-Franklin-Stiftung finanzéiert, woubäi den däitsche Staat awer méi wéi d'Hallschecht bäigeluecht huet. 1958 krut d'Stad Berlin d'Gebai als "Benjamin-Franklin-Halle" als Kaddo. An den éischte Joerzéngte war d' Kongresshalle dann och e prominent Symbol fir déi däitsch-amerikanesch Allianz a gouf zu der Zäit vum Kale Krich dementspriechend politesch instrumentaliséiert.[1] D'US-Presidenten John F. Kennedy (1963) an Jimmy Carter (1978) hunn do eng Ried gehalen, an den däitsche Bundestag huet sech do e puermol versammelt, fir d'lescht 1965.

Zanter den 1990er Joren subventionéiert den däitschen Ausseministère an de Bundesbeauftragte für Kultur und Medien Aktivitéiten, déi ënner "auswäerteg Kulturpolitik" falen.[2][3]

Gebai[änneren | Quelltext änneren]

Den Daach besteet aus engem Netz vu Spanstolseeler, dat an zwéi stole Béi hänkt an an enger dënner Bëtongsschuel agebett ass. D'Virbild dovu war d'Dorton Arena zu Raleigh, dat éischt Gebai mat esou enger Zort Daach. Déi nei Zort vu Struktur gouf vum Berliner Bauamt net ugeholl, ë. a. well en ettlech Architekten, dorënner de PierLuigi Nervi d'Konstuktioun ferm kritiséiert hunn. Sou gouf an der Mëtt vum Daach e Spanrank mat agebaut, wat sech spéider, wéi en Deel vum südleche Bou, 1980 an e Koup gefall ass, als Konstruktiounsfeeler erwisen huet. D'Gebai gouf tëscht 1984 an 1987 nees restauréiert, woubäi sech dunn un dem Stubbins seng Originalpläng gehale gouf.

Bannenan ass en Auditorium mat ronn 1000 Sëtzplazen.[4] Drënner ass de Foyer, mat enger héijer Fënsterfront laanscht d'Säit. Fréier koum een iwwer d'Daachterrass an de Foyer. Ënner der Daachterrass leien nach zwéin Niveauen, op deenen ë. a. eng Ausstellungshal mat ronn 1000 m², Konferenzraim, en Theatersall, e Restaurant a e Bicherbuttek amenagéiert sinn.[5]

Tëscht der John-Foster-Dulles-Allee an dem Gebai ass e rechteckegen, 60 m × 90 m grousse Waasserbaseng, an deem zanter 1987 eng Bronzeplastik vum Henry Moore, Large Divided Oval: Butterfly, steet an déi bei Geleeënheet vun der Feier fir 750-Joer vu Berlin opgeriicht gouf. Eng Bréck an eng monumental Trap féiere bei déi fréier Entrée op der Daachterrass.[6]

D'Gebai ass zanter 1958 ënner Monumenteschutz.[7]

Et krut de Spëtznumm Schwanger Auster.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Baseng an d'Trap fir op d'Daachterrass Large Divided Oval: Butterfly
vum Henry Moore am Spiegelteich
Den Daach tëscht den zwéi Béi

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Helmut Bomhard, Udo Kraemer, Jürgen Mainz: Wiederaufbau der Kongreßhalle – Konstruktion und Bau. In: Bauingenieur 1986 (61), ISSN 0005-6650, S. 569–576.
  • Senator für Bau und Wohnungswesen (Hrsg.): Berlin Baut. Band 2. Die Kongreßhalle. (Geschichte, Einsturz, Wiederaufbau.) Broschüre, Berlin 1987, issuu.com.
  • Steffen de Rudder: Der Architekt Hugh Stubbins – Amerikanische Moderne der Fünfziger Jahre in Berlin. Jovis, Berlin 2007, ISBN 978-3-939633-23-5.
  • Bernd M. Scherer (Hrsg.), Axel Besteher-Hegenbarth (Red.), Dina Koschorreck (Red.): Das Haus. Die Kulturen. Die Welt. 50 Jahre: Von der Kongresshalle zum Haus der Kulturen der Welt. Nicolaische Verlagsbuchhandlung, Berlin 2007, ISBN 978-3-89479-430-9.
  • Florian Heilmeyer: Haus der Kulturen der Welt Berlin. Fotos: Jens Liebchen: Die neuen Architekturführer, Bd. 110, Stadtwandel Verlag, Regensburg 2007, ISBN 978-3-86711-022-8.
    Englische Ausgabe: House of World Cultures Berlin. Stadtwandel Verlag, Regensburg 2007, ISBN 978-3-86711-023-5.
  • (de) Hundt J. & Tzschätzsch M., Die Kongresshalle in Berlin-Tiergarten - Schlussfolgerungen aus einem Schadensfall in Bautechnik Juni 1983 Säiten 185-189
  • (fr) Bouchet André, Le palais des Congrès, à Berlin in La Technique des Travaux (Tech. trav.) - v. 35, n. 7-8 (juillet/août 1959)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kongresshalle Berlin – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Steffen de Rudder: Ein Haus macht Propaganda. Die Berliner Kongresshalle und der Kalte Krieg. In: Bernd M. Scherer (Hrsg.), Das Haus. Die Kulturen. Die Welt. 50 Jahre: Von der Kongresshalle zum Haus der Kulturen der Welt. Nicolai, Berlin 2007, ISBN 978-3-89479-430-9, S. 28–41.
  2. Auswärtiges Amt und Mittlerorganisationen im Bereich der Auswärtigen Kulturpolitik. In: Deutsches Musikinformationszentrum, gekuckt 2021-04-14.
  3. R.S.: Berliner Institution. Haus der Kulturen: Auswärtiges Amt plant Kürzungen. In: Der Tagesspiegel, 7. November 2010.
  4. Auditorium. op hkw.de, gekuckt 2021-04-14
  5. Grundrisse der Kongresshalle. (PDF; 514 kB) In: HKW, August 2012
    Gebäudeplan. (PDF; 333 kB) HKW; abgerufen am 26. Mai 2016.
  6. Claudia Schwartz: Kühn geschwungenes Dach für eine neue Zeit. In: Neue Zürcher Zeitung, 8. Februar 2008.
  7. Steffen de Rudder: Symbol, Bild 6. In: berliner-kongresshalle.de, gekuckt 2021-04-14.