Koorbitalen Objet

Vu Wikipedia

E koorbitalen Objet oder koorbitale Begleeder ass en Himmelskierper, deen op der selwechter oder bal der selwechter Ëmlafbunn ëm e Stär leeft, wéi en zweeten anere méi groussen Himmelskierper. Wéinst den Ëmlafbunnen déi sech gläichen, hu s'allebéid déi selwecht mëttel Ëmlafdauer ëm hire Stär. Koorbital Objete stinn a gravitativer Wiesselwierkung mat dem méi groussen Himmelskierper, op deem senger Ëmlafbunn si lafen, a si wéinst der selwechter mëttlerer Ëmlafdauer an enger sougenannter 1:1-Resonanz. Dat bedeit, datt sou Ëmlafbunnen nëmmen ënner bestëmmte Viraussetzunge stabil sinn, vun deenen am Normalfall déi wesentlechst ass, datt de koorbitale Begleeder am Verhältnes zum grousse Kierper méi eng kleng Mass huet (sougenannt ageschränkten Dräikierperproblem).

Trojaner[änneren | Quelltext änneren]

Déi bekanntst koorbital Begleeder sinn d'Trojaner vum Jupiter. Fir d'éischt waren an de Lagrangepunkten L4 an L5 (déi an der Bunn vun engem Himmelskierper 60° vir resp. hanner him sinn) vum Jupiter sou Begleeder entdeckt ginn a se goufen Trojaner genannt. Den éischten entdeckten Trojaner war den Achilles. Duerno goufen dunn och an de Lagrangepunkte vun anere Planéiten a souguer bei Mounden trojanesch Begleeder fonnt (kuckt Trojaner-Mound).

Begleeder op Houfeisenëmlafbunnen[änneren | Quelltext änneren]

Eng weider Grupp vu koorbitalen Objete lafen op sougenannte Houfeisenëmlafbunnen bannenzeg vun der Ëmlafbunn vum méi groussen Himmelskierper a mat him zesummen ëm den Zentralstär. Déi koorbital Begleeder beschreiwe vum mat der Beweegung vum gréissere Kierper ëm den Zentralstär matbeweegte Bezuchssystem aus gesinn laanscht d'Ëmlafbunn e grousse Bou, dee se periodesch vir- an zeréckschwéngen. D'Form vum Bou erënnert un en Houfeisen, dofir den Numm Houfeisenëmlafbunn. Vum rouende Bezuchssystem (Inertialsystem) aus gekuckt beschreiwe si awer „normal“ Ëmlafbunnnen. Bis elo sinn eréischt e puer Objeten op Houfeisebunne bekannt. Ee vun de bemierkenswäertsten ass den Asteroid 2002 AA29 (en Objet mat net emol 100 m Duerchmiesser), deen e koorbitale Begleeder vun der Äerd ass. Eng weider Aart vu koorbitalen Objeten op ongewéinlechen Houfeisebunne sinn déi kleng, bal grad sou grouss Saturnmounde Janus an Epimetheus, déi als koorbital Mounden op änlechen Ëmlafbunnen ëm de Saturn lafen a sech all véier Joer zimmlech no kommen an hir Ëmlafbunnen tauschen.

Den Iwwergank vun engem Trojaner zu enger gewéinlecher Houfeisebunhn ass fléissend: Wann den Ofstand vun engem Trojaner zum L4- oder L5-Punkt ze grouss ass, da gëtt hien eemol op der Ëmlafbunn den deem gréisseren Himmelskierper entgéintgesate Punkt bei L3 iwwerschreiden an dann a Richtung vum aneren Lagrange-Punkt wanderen a sou an engem grousse Bou vir an zeréck schwéngen.

Quasisatellitten[änneren | Quelltext änneren]

E klengen Himmelskierper, dee relativ wäit ewech lues ëm de gréisseren Himmelskierper eemol wärend enger Ëmlafdauer vum gréissere Kierper ëm den Zentralstär kreest, nennt een Quasisatellit. Quasisatellitte stinn haaptsächlech ënner dem Gravitatiounsafloss vum Zentralkierper, ëm dee béid lafen, an net wéi e Mound ënner dem haaptsächleche Gravitatiounsafloss vum Planéit. Dat ass ongeféier analog zu zwéin Autoen op enger Autobunn, déi nieftenee mat der selwechter Vitess fueren a sech wiesselsäiteg iwwerhuelen, awer net fest unenee gebonne sinn. E Quasisatellit vun der Äerd war an de Jore vun 1996 bis 2006 de klengen Asteroid 2003 YN107, deen zanterhier nees wéi virdrun eng Houfeisenëmlafbunn laanscht d'Äerdbunn beschreift.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie