Koronis-Asteroiden

Vu Wikipedia
Zesummestellung vun der Koronis-Famill (NASA)

D'Koronis-Asteroide sinn eng Famill vun Asteroiden an der Haaptceinture tëscht Mars a Jupiter. Se si virun op d'mannst zwou Milliarde Joer bei enger katastrophaler Kollisioun tëscht zwéi grousse Kierper entstanen. D'Famill ass nom Asteroid (158) Koronis genannt. De gréisste bekannte Member (208) Lacrimosa huet en Duerchmiesser vu ronn 41 km. Iwwer 300 Koronis-Asteroide goufe fonnt, awer nëmme ronn 20 Membere si méi grouss wéi 20 km am Duerchmiesser.

Den 28. August 1993 war d'Raumsond Galileo beim Koronismember (243) Ida laanschgeflunn.

Grouss Membere vun der Koronis-Famill[änneren | Quelltext änneren]

Numm Duerchmiesser Hallefachs vun der Ellips Inklinatioun Exzentrizitéit  Entdeckt
158 Koronis 35,4 km 2.867 AE 1,00° 0.057 1876
167 Urda 39,9 km 2.855 AE 2,21° 0.035 1876
208 Lacrimosa 41,0 km 2.895 AE 1,751° 0.015 1879
243 Ida 31,3 km 2.861 AE 1,138° 0.046 1884
263 Dresda 23,0 km 2.886 AE 1,314° 0.079 1886
277 Elvira 27,0 km 2.887 AE 1,156° 0.089 1888
311 Claudia 24,0 km 2.897 AE 3,225° 0.008 1891
321 Florentina 27,0 km 2.886 AU 2,594° 0.043 1891
534 Nassovia ? 2.884 AE 3,277° 0.057 1904
720 Bohlinia ? 2.888 AE 2.359° 0.014 1911
1223 Neckar ? 2.8690752 AE 2,55052º 0.0605204 1931
9908 Aue ? 2.900 AE 2,68° 0.0355 1971

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]