Krater vun Derweze

Vu Wikipedia
De Krater a Flamen
Panoramavue vum Krater

De Krater vun Derweze (oder Darvaza) ass an der Karakum-Wüst no bei der Uertschaft Derweze (Darvaza) an Turkmenistan. En ass 1971 bei der sich no Methan-Gas entstanen, wéi eng Buerplattform an eng Hiel gefall ass. Fir de gëftege Gas, deen erauskoum, onschiedlech ze maachen, gouf en ugestach. Et gouf ugeholl, datt de Gas no e puer Deeg all verbrannt wier. Ma duerch ëmmer neie Gas, deen nokënnt, steet de Krater zënterhier bis haut a Flamen, a krut dowéinst vun de Leit vun do den Numm Paart vun der Häll.

De President vun Turkmenistan Gurbanguly Berdimuhamedow huet am Abrëll 2010 d'Lach besicht an den Uerder ginn, et misst zougemaach oder soss eppes ënnerholl ginn, fir datt d'Erdgasfelder an der Géigend net ze leiden hätten

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Krater vun Derweze – Biller, Videoen oder Audiodateien