Krichsmonument Teuven

Vu Wikipedia
D'Monument am Boventse Bos bei Teuven

Op engem klenge Wee dee vun Teuven op Sippenaeken féiert, steet am Bësch Bovenste Bos e Monument dat un Affer vum Éischte Weltkrich erënnert, déi duerch elektreschen Drot ëmkomm waren, denn do op der Grenz mat Holland gespaant war.

D'Monument war 1920 vum Grof Joseph d'Oultremont gestëft ginn. 1940 haten d'Nazien et zerstéiert, an et huet du bis 1962 gedauert, bis et frësch opgeriicht gouf.