Teuven

Vu Wikipedia
Teuven
Vue vun Osten
Land Belsch
Regioun Flandern
Communautéit Flämesch Communautéit
Provënz Limburg
Arrondissement Tongeren
Gemeng Voeren
Fläch 7,264 km²
Koordinaten 50° 45’ 05’’ N
      05° 52’ 20’’ O
Postcode 3793

Teuven ass eng belsch Uertschaft an der Gemeng Voeren an der Provënz Limburg.

Teuven läit am Dall vun der Gulp engem klengen Niewefloss vun der Gueule. Et ass en asymmetreschen Dall, an op de géien Häng ronderëmmer fënnt een Eechebëscher déi mat Bierken duerchsat sinn. Op de méi flaachen Deeler zur Baach zou fënnt ee Wisen. Iwwer d'Plateauë verdeelt sech d'Akerland.

Fréier huet Teuven zesumme mam Nopeschduerf Remersdal zum historeschen Herzogtum Limburg gehéiert.

Bis zur belscher Gemengereform vun 1977 war Teuven en eegestänneg Gemeng.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • Schlass vu Sinnich
  • Schlass De Hoof dat ënner Protection du Patrimoine steet, an an deem haut e Restaurant ass
  • déi neigotesch Kierch Sint-Petruskerk
  • D'Krichsmonument Teuven am Bovenste Bos.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Teuven – Biller, Videoen oder Audiodateien