Kuelesak

Vu Wikipedia
De "Kuelesak"

De Kuelesak ass eng bekannt Donkelwollek um Himmel an nieft dem Päerdskappniwwel an dem Konusniwwel och ee vun de wéinegsten Objete vun dëser Aart mat engem eegenen Numm. De Kuelesak steet matzen an der südlecher Mëllechstrooss, tëscht de Stärebiller Crux (Kräiz vum Süden), dem Centaurus (Cen.) an der Musca (Méck). En ass 500-600 Liichtjoer vun eiser Sonn ewech a mécht en opfällegt "Lach" an der stäreräicher Ëmgéigend.

D'Aborigines an Australien kennen d'Rei vun den Donkelwolleke vum Stärebild Scutum am Norde bis erof bei de Kuelesack och als "de Emu" - mat dem Kuelesak als Kapp.

Daten[änneren | Quelltext änneren]

  • Himmelskoordinaten (J2000.0): RA = 12h 50m, Dekl. = -62°30'
  • Himmelsausschnëtt 5 × 7°, entspriechend 30 × 35 Liichtjoer
  • net am New General Catalogue enthalen, dofir keng Identifikatiouns-Nummer.

Den Astronom Kaveli Mattila konnt 1970 feststellen, datt den Donkelniwwel net ganz schwaarz ass, mä ganz schwaach liicht, ongeféier 10% vum Liicht vun der Mëllechstrooss, déi hannendru läit.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kuelesak – Biller, Videoen oder Audiodateien