Kuerzperiodesch

Vu Wikipedia

Als kurzperiodesch ginn an der Astronomie Schwéngungs- oder aner periodesch Phenomeener bezeechent, déi eng Periodendauer hunn déi wäit ënner dem Duerchschnëttswäert läit.

Dobäi kann de Wäert selwer – jee no gekucktem Phenomeen – ganz verschidde grouss sinn:

  • Bei de kierzten Effete vun der Polbeweegung e puer Stonnen
  • Bei de kuerzperiodesch Verännerlechen e Liichtbou mat Widderhuelungsdauer vun typescherweis e puer Deeg
  • bei der kuerzperiodescher Nutatioun vun der Äerdachs Periode vu 5 bis 14 Deeg. Den hallwe Mount steet dobäi a staarkem Kontrast zu der laangperiodescher Nutatioun vun 18,6 Joer
  • Deemgéigeniwwer ëmronnen déi kuerzperiodesch Koméiten d'Sonn mat Ëmlafzäite vun ongeféier 3 bis 200 Joer. De Koméit Halley (76 Joer) gouf virun e puer Joerzéngten nach als laangperiodesch ugesinn. Haut sinn an der Tëschenzäit vill Himmelskierper bekannt, déi Joerdausende brauchen, bis se nees zeréckkommen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie