Kuwait Towers

Vu Wikipedia

D'Kuwait Towers (op Arabesch: أبراج الكويت – Abraj l'Kuwait) sinn eng Grupp vun 3 Tierm aus arméiertem Bëtong zu Kuwait City, déi direkt beim Persesche Golf stinn. Den Haapttuerm ass 187 m héich an huet zwou Bullen. Déi ënnescht ass méi déck an ass bis an d'Hallschecht e Waasserreservoir fir 4.500 Waasser. Do driwwer ass e Restaurant fir 90 Leit amenagéiert, mat Café, Lounge a Rezeptiounshall. Déi iewescht Bull, déi 123 m iwwer dem Mier ass, ass méi kleng. An hir ass e Bistro, deen all hallef Stonn en Tour ronderëm sech selwer dréint.

Deen zweeten Tuerm ass 147 m héich; seng Bull, déi och 4.500 Meterkibb faasse kann, déngt just als Waassertuerm. Deen drëtten ass just fir schéin ze maachen; an him sinn ë. a. Luuchten installéiert, déi déi aner zwéin Tierm beliichten.

D'Bulle si mat enger 41.000 emailléierte stole Scheiwe bedeckt, déi an aacht Téin tëscht blo, gro a gréng getéint sinn, an an engem spiralfërmege Muster ubruecht sinn.

D'Kuwait Towers goufen offiziell am Mäerz 1979 ageweit a symboliséieren de moderne Kuwait.

Si sinn Deel vun engem System vun am Ganzen 33 Waassertierm, a goufen an engem opfälleg anere Stil gebaut wéi déi aner 5 Tuermgruppen. D'Architekte waren d'Malene Bjørn an de Sune Lindström, Ingenieur war de Lennart Gerte. Déi schweedesch VBB (1997 a Sweco ëmgenannt) bedreift de Waasserdistributiounssystem.

Galerie[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Kultermann, Udo, 1999. Contemporary architecture in the Arab states: Renaissance of a region. New York; London: McGraw-Hill. ISBN 0070368317
  • Kultermann, Udo, 1981. Kuwait Tower. Malene Bjorn's work in Kuwait. MIMAR: Architecture in Development, 1981:2. pp. 40–41. Hasan-Uddin Khan, ed. Singapore: Concept Media Ltd. ISSN 0129-8372 [1]
  • Water Towers, 1983. In: Renata Holod, editor; Darl Rasdorfer, associate editor. 1983. Architecture and Community: building in the Islamic world today: the Aga Khan Award for Architecture. pp. 173–181. Millerton: Aperture; Oxford: Phaidon. ISBN 0893811238 [2]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kuwait Towers – Biller, Videoen oder Audiodateien