Op den Inhalt sprangen

Längtemooss

Vu Wikipedia

Ënner enger Längtemooss oder méi genee enger Längtemoosseenheet versteet een eng Moosseenheet fir d'Längt. D'Längtemooss gëtt gebraucht fir d'Längt vun enger Streck oder Linn an enger Dimensioun, oder vun engem Ofstand (Distanz), ze moossen oder unzeginn.

D'international genormt Grondeenheet vun der Längt ass de Meter.

De Meter ass eng vum internationalen Eenheetesystem festgeluecht gesetzlech Moosseenheet an de meeschte Staaten an eng SI-Basiseenheet. En ass iwwer d'Liichtvitess definéiert a vun him si weider Eenheeten ofgeleet. Duerch d'Prefixe gëtt uginn, mat wat fir engem Facteur de Meter ze multipléizieren ass. D'SI-Prefixe fir méi wéi 10³ gi gewéinlech rar gebraucht.

A munneche Fachgebidder a Kulturraim waren – a sinn zum Deel nach haut – weider Eenheeten am Gebrauch, beispillsweis:

EenheetZeechenMeterDefinitiounBenotzungszäitGebrauchsberäich
vubis
Parsecpc30.856.776.000.000.000Distanz vun engem Stär, deen eng järlech Parallax vu genee enger Bousekonn opweisthautAstronomie
Liichtjoer
light year
Lj
ly
lyr
zirka 9.460.528.000.000.000De Wee deen d'Liicht am Vakuum an engem julianesche Joer zeréckleethautAstronomie
Astronomesch Eenheet
engl. Astronomical Unit
AE
AU
149.597.870.691mëttels Distanz Äerd–Sonnhaut
Rasta (Eenheet)4.800
4.900
2/3 vun enger geographescher Meil(germanesch Längtemooss)
Leugezirka 2.222antik gallo-réimesch Längtemooss
Séimeil oder nautesch Meilsm1.8521' BreetendifferenzhautNavigatioun
Statute Mile
(terrestresch Meil)
1.609,344hautUSA
Meil
engl. Mile
mi1.482
11.299
Werst1.066,8Russland
Kilometerkm1.000103 m1800haut
Stadionzirka 158,5
zirka 211
600 Fußantikt Griicheland
Hektometerhm100102 m1800haut
Sunsun0,030 303 0301/33 mJapan
Dekameterdam10101 m1800haut
RuteR.3,7663
4,2951
Preußen
Sachsen
landwirtschaftlech Längtmooss
Klafterzirka 1,9ausgestreckte Männeräerm
Fuedemzirka 1,8
Meterm1iwwer Liichtvitess am Vakuum1800haut
Yardyd0,91441 yard = 3 feet = 36 incheshautUSA
Duebelschrëtt0,8
1,5
Schrëtt0,71
0,75
Grouss-Ellzirka 0,52
Ellzirka 0,45 bis 1,713regional staark onbestänneg
Spanzirka 0,23hallef Ell
Fouss
engl. foot, feet
ft0,30481 ft = 12 inZanter 1980 global Héichtemooss an der Aviatioun (entgéint der SI-Konventioun)
fréier um Fouss vum jeeweilege Kinnek gemooss
Dezimeterdm0,110−1 m1800haut
Handbreetzirka 0,081/3 Span
Zoll
(engl. inch)
in
"
0,0254hautUSA
Fangerbreetzirka 0,021/4 Handbreet
DeelungseenheetTE0,018
0,00508
Schaltschafbau
Elektronikbaugruppen
Zentimetercm0,0110−2 m1800haut
Stéch0,006 666 666 62/3 cmSchongbranche, hep franséische Stéch
Linn
Paräisser Linn
'''0,002 255 81/144 vum Paräisser Fouss (32,47 cm)haut an der Auerentechnik a fir d'Deelung vu Libellen
Millimetermm0,00110−3 m1800haut
PunktP
p
pt
0,000 375
0,000 376 065
0,000 352 778


1/72 in
Dréckerei
Charrière
French
CH
FR
0,000 333 333 31/3 mmMedizintechnik
milli-inchmil0,000 025 41000 mil = 1 inElektronik, Verwiesselungsgefor mat Mil
Mikrometerµm0,000 00110−6 m1800haut
Nanometernm0,000 000 00110−9 m1800haut
ÅngströmÅ0,000 000 000 110−10 m1965Angab vum Atomradius
X-Eenheetzirka  0,000 000 000 000 110−13 m19251965Röntgen
Planck-Längt1,616252 10−35Grenz vun der widersprochsfräi Brauchbarkeet vun de bekannte Physik-Gesetzer1930hautStringtheorien, Schläifequantegravitatioun

Legende: SI-Einheiten

Eenheeten déi um Inch (") baséieren, wéi Fouss (ft), Yard asw. (Angloamerikanescht Moosssystem), déi an der Bezéiung zum Meter genormt sinn, gi weider am deegleche Liewen an den USA souwéi generell an der Elektronik gebraucht. D'Wëssenschaft ass schonn längst zum Metreschen Eenheetesystem iwwergangen.

 Commons: Längtemoossen – Biller, Videoen oder Audiodateien