Léon Buck

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Léon Bück)
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Léon Buck
Gebuer 16. Oktober 1915
Lëtzebuerg
Gestuerwen 20. Mee 1972
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Fechter


De Léon Buck, gebuer de 16. Oktober 1915 zu Märel a gestuerwen den 20. Mee 1972 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Fechter, Olympionik[1] an Drécker (Imprimerie de la Cour Victor Buck).

Hien huet zweemol un den Olympesche Spiller deelgeholl an zwar 1948 zu London an 1952 zu Helsinki, a sech zweemol als Véierte klasséiert.

Eréischt mat 32 Joer huet seng Fechtercarrière ugefaangen. Virdru war hien een erfollegräiche Schwëmmer. Hie war siwemol Lëtzebuerger Landesmeeschter an der Brasse an um Réck. Mat der Mannschaft vum Swimming Club Luxembourg war hie fënnefmol Lëtzebuerger Champion am Waasserball.

Bei den Olympesche Spiller vu London huet hien am Florett gefecht a gouf an der Qualifikatioun eliminéiert. Seng Spezialitéit war den Degen, an deem hien 1952 zu Helsinki, wou hien an d'Finalronn koum, de Véierte gouf. Déi selwecht Plaz huet hie mat der Lëtzebuerger Degemannschaft erreecht.

1955 hat hien e Schiaccident an duerch seng Blessuren um Knéi, huet hie mat dem Fechte mussen ophalen.

Palmarès[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Léon Buck op sports-reference.com