LGL Big Band

Vu Wikipedia

D'LGL Big Band ass eng Big Band, déi 2003 am Stater Jongelycée gegrënnt gouf.

De Repertoire ëmfaasst verschidde Stilrichtunge vu Swing, Bossa, Jive a modern Transkriptioune vu Pop- a Rockmusek. D'Big Band trëtt virun allem am LGL op, mä hat och schonn e Concert op der Plëss d'Arem an der Stad. Hiren Dirigent ass de Pit Kuffer, Trompettist a Professer am LGL. D'LGL Big Band zitt net nëmme Schüler aus dem LGL un, et sinn och Schüler aus anere Lycéeë mat derbäi.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Notten[Quelltext änneren]