La Madeleine (Paräis)
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz iwwer eng Kierch oder Kapell. Wann der méi iwwer dëst Theema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| ||||
---|---|---|---|---|
La Madeleine (2014) | ||||
Uertschaft / Plaz | Paräis | |||
Konsekratioun | 09.10.1845 | |||
Architekt(en) | Pierre Contant, Jacques-Marie Huvé | |||
Baujoer | 1763 - 1842 | |||
Koordinaten | 48° 52’ 12’’ N 02° 19’ 27’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
La Madeleine ((fr) Église de la Madeleine) ass eng Kierch op der Place de la Madeleine am 8. Arrondissement vu Paräis. Si ass e perfekt Beispill fir den neoklassizisteschen Baustil mat aacht Sailen op der Fass (Octostil).
De Bau vun der Kierch huet 1764 nom Entworf vum Architekt Pierre Contant ugefaangen an huet am Dezember 1791 opgrond vun der Franséischer Revolutioun missen agestallt ginn. D'Aarbechte goufe vum Architekt Jacques-Marie Huvé (1783-1852) nees opgeholl an am Joer 1842 ofgeschloss, d'Konsekratioun war den 9. Oktober 1845.
Den Interieur staamt gréisstendeels aus de Joren 1830-1840. Als besonnesch kuckeswäert gëllt d'Statu vun der Helleger Maria Magdalena vum Carlo Marochetti.
D'Uergel vum franséischen Uergelbauer Aristide Cavaillé-Coll (1811-1899) zielt zu enger vun de klangvollste vun der Stad.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Südfassad
-
Nordfassad
-
Bannenan
-
Giewelrelief
-
Skulptur
-
Vue vu wäit
-
Historescht Bild
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: La Madeleine (Paräis) – Biller, Videoen oder Audiodateien |