La Pérouse (Moundkrater)

Vu Wikipedia
La Pérouse
De Moundkrater La Pérouse (uewe lénks) mat Niewekrateren (LROC-WAC)
Koordinaten 10°40'12"S, 76°16'48"O
Duerchmiesser 80,4 km
Déift ? m
Selenographesch Längt 285° bei Sonnenopgank
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ21


De La Pérouse ass en Aschlagkrater no beim ëstleche Rand vun der viischter Moundsäit. Hie läit nordwestlech vum Krater Ansgarius an ëstlech vum Krater Kapteyn. Wéinst senger Lag erschéngt de Krater vun der Äerd aus gesinn verkierzt. Vum Orbit aus erkennt ee seng Form bal kreesfërmeg.

De Rand vum La Pérouse ass vun nofollgenden Aschléi sou gutt wéi net beréiert an zeechent sech däitlech of. Hien huet e klengen Ausleefer a ganz kleng Béi am süd-südëstlechen an am süd-südwestleche Beräich. Déi bannenzeg Wänn sinn zum gréissten Deel an Terrasse gegliddert. Aus dem Kraterbuedem hieft sech eppes nordëstlech vum Mëttelpunkt en Zentralbierg, dee liicht no Südosten hi verlängert ass. Südëstlech vun där Formatioun ass de Kraterbuedem vun engem klengen Aschlag gezeechent.

De Krater gëtt heiansdo och als La Peyrouse bezeechent.

Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
A 9,25° S, 74,68° O7 4 km [1]
D 11,19° S, 76,57° O7 7 km [2]
E 10,15° S, 78,48° O7 31 km [3]

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]