Lac du Der-Chantecoq

Vu Wikipedia
Lac du Der-Chantecoq
Verwaltung
Land Frankräich
Géigend Grand Est
Departement Marne
Haute-Marne
Verwaltungseenheet Champagne-Ardenne
Länner um Uwänner Frankräich
Geographie
Koordinaten 48° 34’ 00’’ N
      04° 46’ 00’’ O
Zweck Schutz géint Iwwerschwemmungen
Fläch 48 km²
Déift (Maximum) 18 m
Déift (Moyenne) 4 - 7 m
Hydrographie
Baseng 2.900 km²
Zoufloss Marne
Ausfloss Marne
Inselen Île de Chantecoq

De Lac du Der-Chantecoq oder Lac-réservoir Marne (dacks als Lac du Der ofgekierzt) ass e kënschtleche Séi an der franséischer Regioun Grand Est, op der Grenz vun den Departementer Marne an Haute-Marne.

Haaptzweck vum Séi ass et, den Debit vun der Marne, engem wichtegen Niewefloss vun der Seine, ze reguléieren, a sou Héichwaasser zu Paräis matzeverhënneren. 1967 gouf mam Bau ugefaangen, an 1974 gouf en ageweit. 3 Dierfer hunn dem Séi misse Plaz maachen. En ass 48 km² grouss an domat dee gréisste kënschtleche Séi an Europa (Stauséien net agerechent). En ass an der Moyenne 4–7 m déif, op der déifster Plaz 18 m. Fréier war do eng Supp mat Eechen ("Der" kënnt vum Kelteschen "dervos" an heescht "Eech").

De Lac du Der ass op enger Fläch vu 6.536 ha eng Natura 2000 Schutzzon; 200 Vullenaarte liewen do, zillen hir Jonk op oder benotzen de Séi als Tëschestatioun op hirem Zuch an de Süden an zeréck. Apart d'Huergänsen, eng 70.000 bis 80.000, maachen do all Joer Statioun.

Weider hunn eng 45 Libellenaarten, 40 Mamendéier- an 20 Amphibienaarten do hire Liewensraum. Méi wéi 200 Planzenaarte goufe ronderëm de Séi festgestallt. Weiderhi gëtt et eng sëllege Fëschaarten am Waasser vum Séi, dee bei de Fëscher fir seng Kaarpe bekannt ass awer Hiechte vun iwwer engem Meter sinn och keng Raretéit grad sou wéi Welse vun iwwer annerhallwe Meter.

De Lac du Der ass och e beléift Zil fir Fräizäittourismus, 2005 goufen 1,1 Millioun Touriste gezielt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lac du Der-Chantecoq – Biller, Videoen oder Audiodateien