Laimdota Straujuma

Vu Wikipedia
Laimdota Straujuma
Gebuer 24. Februar 1951
Nationalitéit Lettland
Aktivitéit Politiker, Ekonomist, Mathematiker
Partei Vienotība

D'Laimdota Straujuma, gebuer de 24. Februar 1951, ass eng lettesch Ekonomistin a Politikerin (Partei Vienotība). Si gouf den 22. Januar 2014 zur Ministerpresidentin vu Lettland ernannt - déi éischt Fra un der Spëtzt vun der Regierung vun hirem Land.

De 7. Dezember 2015 huet si demissionéiert.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Laimdota Straujuma huet vun 1968 bis 1973 Mathematik a Physik op der Universitéit vu Lettland zu Riga studéiert. Vun 1973 bis 1988 war si wëssenschaftlech Mataarbechterin um Institut fir Ekonomie op der Lettescher Akademie vun de Wëssenschaften an huet do hir Studie virugefouert, déi se 1987 mat enger 1987 Aspirantur ofgeschloss huet. Vun 1988 bis 1991 huet si bei der Staatlecher Administratioun vum Plang geschafft. 1992 ass si mat enger Dissertatioun iwwer D'Evaluatioun vum Gebrauch vu Ressourcë vun de letteschen Entreprisen am Produktiounsberäich zum Dr. oec. promovéiert.[1]

Vun 1993 bis 1999 war si Directrice-adjointe vum staatleche Berodungsbüro fir d'Gestioun vu landwirtschaftleche Betriber, an duerno Directrice vum staatleche Büro fir Gestioun a Formation continue an der Landwirtschaft. Vun 1999 bis 2006 war si Staatssekretärin am Landwirtschaftsministère. Vun 2007 bis 2010 war se Staatssekretärin am Ministère fir Regionalentwécklung a Kommunalverwaltung.[2]

Vun 2011 bis 2014 war d'Straujuma Landwirtschaftsministerin. De 5. Januar 2014 huet de Staatspresident Andris Bērziņš se domat chargéiert, eng nei Regierung ze forméieren,[3] nodeem hire Virgänger Valdis Dombrovskis wéinst der Katastroph an engem Akafszentrum, dat zesummegefall war, zeréckgetruede war. Hir Regierung gouf den 22. Januar 2014 vereedegt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Laimdota Straujuma – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. CV op der Websäit vum Ministère fir regional Entwécklung (lettesch) Gearchiveerd op 2010-03-23. Gekuckt de(n) 2010-03-23.
  2. CV op der Websäit vun der lettescher Regierung (lettesch) Gearchiveerd op 2014-01-06. Gekuckt de(n) 2014-01-28.
  3. 62-jährige Straujuma soll Regierung in Lettland bilden