Core Creek Park

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Lake Luxembourg)
Core Creek Park
De Lake Luxembourg, am Core Creek Park
Lokalisatioun
Land USA
Gemeng Pennsylvania
Koordinaten 40°11'44"N, 74°55'22"W
Dimensiounen a Geographie
Fläch 490 ha
Flëss Core Creek
Séien Lake Luxembourg

De Core Creek Park ass e Park, am Bucks County, a Pennsylvania. E läit am Middletown Township an huet eng Fläch vu 4,9 km2. Matzen am Park ass de Lake Luxembourg, e kënschtleche Séi, deen duerch d'Staue vum Core Creek geschafe gouf. De Park ass daagsiwwer op fir de Public.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den éischte Proprietär vum Terrain war e gewëssen Thomas Croasdale deen am Joer 1682 dausend Acres Land vum William Penn ofkaf huet. 1733 huet dem Croasdale säi Kandskand en aus finanzielle Grënn misse verkafen, soudatt den John Watson en ofkaf huet.[1]

1731 huet den Thomas Jenks en aneren Terrain an der Géigend kaf. Den Jenks huet eng jett Infrastrukturen an der Géigend baue gelooss, dorënner um Core Creek eng Follmillen. D'Fulling Mill Road nërdlech vum Park erënnert haut nach dodrun. Wärend dem Amerikanesche Revolutiounskrich hu brittesch Zaldoten d'Fabréck eruerwert an d'Duch, dat fir dem George Washington seng Arméi gemaach gi war, beschlagnaamt.[1]

1941, wärend der däitscher Besatzung vu Lëtzebuerg, huet d'Groussherzogin Charlotte an hire Mann, de Prënz Felix, fir 22.000 Dollar d'Eldorado Farm mat enger 247 Acre (ronn 100 ha) Land vum Watson ofkaf, an 1943 nach eng Kéier 50 Acres derbäi. De Buedem ronderëm de Core Creek war ganz fruchtbar, a gouf vun engem Bauerebetrib fir d'groussherzoglech Famill bewirtschaft.[1]

Erhuelungsgebitt[änneren | Quelltext änneren]

En Dock fir Booter um Lake Luxembourg am Core Creek Park

De Core Creek Park ass d'ganzt Joer duerch op. Et gëtt do kilometerlaang Weeër fir spadséieren ze goen, ze reiden oder mam Vëlo ze fueren. Et goufen eng ganz Rëtsch Plaze fir ze picknicken a fir ze grillen amenagéiert, an et kann een um Séi fëschen an am Wanter Schlittschong fueren. Ausserdeem gëtt et Spillplazen, Terraine fir Ballspiller an Tennisterrainen am Creek Park,[2] sou wéi och en ofgegrenzten Deel mat Installatioune fir Hënn.

De Lake Luxembourg[änneren | Quelltext änneren]

De Lake Luxembourg gouf 1975 ugeluecht, andeems de Core Creek gestaut gouf. En ass ewell eng 0.71 km² grouss. De Core Creek ass en Niewefloss vum Neshaminy Creek, deen an den Delaware River leeft.[3] En huet en Anzuchsgebitt vu 15,45 Quadratmeilen, wouvunn iwwer d'Hallschecht landwirtschaftlech benotzt gëtt. En huet ronn 2.149.713m3 Waasser an ass maximal 26  Fouss déif.

Well en am Summer duerch d'Hëtzt gär stratifizéiert, liewen nëmme Fëschaarten dran, déi waarmt Waasser verdroen. 1995 goufe 17 Aarten am Séi gezielt.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Jane Heimerdinger, Thomas Michener: "Core Creek Park and the Grand Duchess". In: Pennswood View, Fall 1984.
  2. "Core Creek Park" op der Säit vum Bucks County government.
  3. "Lake Luxembourg Report." Dep.state.pa.us.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]