Op den Inhalt sprangen

Laniakea

Vu Wikipedia
Kaarte mat Supergalaxiëkéip a Voids op enger Distanz vun enger Milliard Liichtjoer vun der Mëllechstrooss, Laniakea a Giel

De Laniakea ass de lokale Grousse Supergalaxiëkoup. Hien ëmfaasst ronn 100.000 Galaxien, dorënner och d'Mëllechstrooss. Seng Gréisst huet 520 Millioune Liichtjoer resp. 160 Megaparsec.

De Laniakea gouf fir d'éischt vun engem Fuerscherteam ëm de Richard Brent Tully vun der Universitéit vun Hawaii an enger Aarbecht vum September 2014 beschriwwen.

Bei Ënnersich vu Pekuliarvitesse vu Galaxien hat d'Team ëm den Tully en neien Definitiounsusaz vu Supergalaxiëkéip fonnt. Aus de Galaxiëbeweegunge léisst sech ofleeden a wéi eng Richtung d'Gravitatiounskraaft dominéiert. Dobäi gouf eng Grenz entdeckt, un där sech d'Haaptbeweegungsrichtung vun de Galaxien trennt an domat och d'Zougehéieregkeet zu de Superstrukture vum Universum. D'Struktur, déi nei fonnt gouf, réckelt de Virgo-Superkoup, dee bis elo als de Lokale Superkoup gegollt hat, an de Rang vun engem Ausleefer vum Laniakea.

Bestanddeeler

[änneren | Quelltext änneren]

Deeler vum Laniakea sinn:

D'Nopeschsupergalaxiëkéip vum Laniakea sinn de Shapley-Superkoup, den Herkules-Superkoup, de Coma-Superkoup an de Perseus-Pisces-Superkoup. Déi genee Ausdeenung an d'Grenze vun dëse Supergalaxiëkéip sinn am Ament nëmmen ongeféier bekannt.

De Laniakea schéngt sech a Richtung vum Shapley-Superkoup auszestrecken, sou datt een unhuele kann, datt souwuel de Shapley wéi och de Laniakea zesummen en Deel vun enger nach méi grousser Struktur sinn.

Dee vum Tully et al. erausgesichten Numm "Laniakea" staamt aus dem Hawaiieschen a bedeit ausseruerdentlechen Himmel, zusummegesat aus Lani fir "Himmel" an akea fir "ausseruerdentlech/riseg".