Coma-Superkoup

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Galaxië ronderëm de Virgo-Galaxiëkoup.

De Coma-Superkoup ass eng riseg Struktur vu villen dausend Galaxien, déi a a Richtung Stärebiller Coma Berenices a Leo steet.

An de leschte Joerzéngten hunn d'Astronomen a Kosmologen eng ganz Partie Superkéip entdeckt, déi déi gréisst am Weltraum bekannt Strukturen duerstellen. Si spille fir d'Erfuerschung vun der Raumstruktur an der Entwécklung vum Weltraum zanter dem Urknall eng grouss Roll.

De gréissten Deel vum Coma-Superkoup besteet aus zwéi Galaxiëkéip, dem Comakoup och Abell 1656 an dem Leokoup och Abell 1367 (nom Astronom George Ogden Abell vum Palomar-Observatoire a sengem Spezial-Katalog) genannt.

Si stinn ongeféier 310 an 290 Millioune Liichtjoer vun eis ewech a sinn duerch eng "Bréck" vu Galaxië matenee verbonnen.

All Galaxien- a Superkéip hunn och grouss Iwwerschëss vun donkeler Matière a vill Radioquellen. Weider gi si – wéi och aner astronomesch Strukturen – vun engem dënne Gas duerchdrongen, dat sech wéinst senger héijer Temperatur vu ville Millioune Grad, a Form vu Röntgenstralung bemierkbar mécht.

Den Noper um Himmel, de fënnefmol méi noe Virgo-Galaxiëkoup am Stärebild Virgo gehéiert och zu engem Superkoup, dem Virgo-Superkoup, zu deem och eis Mëllechstrooss an hir "Lokal Grupp" gehéieren.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie