Richard Brent Tully

Vu Wikipedia
Richard Brent Tully
Gebuer 9. Mäerz 1943
Toronto
Nationalitéit USA
Aktivitéit Astronom
Member vun International Astronomesch Unioun

De Richard Brent Tully, genannt Brent, gebuer den 9. Mäerz 1943 zu Toronto[1] ass en US-amerikaneschen Astronom a Kosmolog um Institut fir Astronomie op der Universitéit vun Hawaii zu Honolulu.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Tully huet op der University of British Columbia studéiert an 1964 de Bachelor gemaach. 1972 huet hien op der Universitéit vu Maryland an Astronomie promovéiert. Am selwechte Joer huet hie sech bestuet. Dono war den Tully als Post-Doktorand um Institut fir Radioastronomie zu Bologna an um Observatoire zu Marseille beschäftegt. 1975 gouf hien um Institut fir Astronomie zu Honolulu Astronomassistent, 1977 Astronome-adjoint an 1982 Astronom.

Hie war ënner anerem 1982/83 um Cerro Tololo Inter-American Observatory am Chile a 1983 um Observatoire vu Meudon. 1985 bis 1987 war hien um Steering Committee vum Keck-Observatoire.

Den Tully huet 1977 mam James Richard Fisher déi sougenannt Tully-Fisher-Bezéiung tëscht Liichtkraaft a Rotatiounsvitesse vu Spiralgalaxien opgestallt, wat deenen hir Distanzbestëmmung erméiglecht.

Hien huet e Katog mat den dräidimensionale Plaze vun 68.000 Galaxië publizéiert, déi méi no wéi 700 Millioune Liichtjoer vun der Äerd sinn. Am Joer 1987 huet hien de Pisces-Cetus Supercluster-Komplex vu Galaxië mat enger Längt vun 1 Milliard Liichtjoer an 150 Millioune Liichtjoer Breet, eng vun de gréisste bekannte Strukturen am Universum, identifizéiert. Spéider huet hien de Laniakea Superkoup entdeckt, zu deem no den Erkenntnesser vum Tully a Kolleegen och eis Mëllechstrooss gehéiert.

2014 krut den Tully de Gruber-Präis fir Kosmologie fir Bäiträg iwwer d'Kosmologie am „noen Ëmfeld“ vun der Mëllechstrooss.

Schrëften[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Liewensdate nom American Men and Women of Science, Thomson Gale 2004