Tully-Fisher-Bezéiung

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

D'Tully-Fisher-Bezéiung ass eng empiresch Formel déi den Zesummenhank tëscht der Liichtkraaft vun enger Spiralgalaxis an der Breet vun vun hiren Emissiounslinnen (eng Mooss fir d'Wénkelvitess) beschreift. Se gouf 1977 vum Richard Brent Tully an James Richard Fisher publizéiert.

Aus der Verrécklung vun de Spektrallinnen an der Rotatiounsvitesse déi sech doraus ergëtt kann op hir Liichtkraaft, an domat bei bekannter Hellegkeet op hir Distanz geschloss ginn. D'Tully-Fisher-Bezéiung ass:

Den Zesummenhank dréckt aus, datt d'Liichtkraaft vun enger Spiralgalaxis proportionell zu enger Potenz vun hirer maximaler Ëmdréiungsvitesse ass. Den Exponent vum Potenzgesetz ass ofhängeg vum Spektralberäich, et gëllt:

  • am B-Band ()
  • am I-Band ()
  • am H-Band ()

D'maximal Ëmdréiungsvitesse léisst sech aus der Verbreedung vun de Spektrallinnen ausrechnen. Fir ze moosse gëtt besonnesch d'21-cm-Linn am Radiospektrum vum Waasserstoff benotzt. Fir d'Distanzbestëmmung gëtt d'I-Band benotzt, well do all Stären zu der Liichtkraaft bäidroen, wougéint am B-Band d'Liichtkraaft nëmmen duerch jonk OB-Stäre dominéiert gëtt.

D'Berechnung berout dorop, datt d'Liicht vun de Spiraläerm, déi sech op eis zou beweegen, eng liicht Bloverrécklung kritt, während d'Liicht vun den Äerm, déi sech vun eis fortbeweegen, eng Routverrécklung opweist. Wat d'Ëmdréiung méi séier ass, wat déi Verrécklunge méi staark sinn, an d'Spektrallinne ginn entspriechend méi breet. D'Breet ass also eng Mooss fir d'Dréivitesse. D'Ëmdréiungsvitesse steet hirersäits an direkter Relatioun zu der Mass vun der Galaxis, well d'Gravitatioun als Zentripetalkraaft wierkt. Et gëtt ugeholl, datt Galaxië mat ähnlecher Mass eng vergläichbar absolut Liichtkraaft hunn an déi Liichtkraaft proportionell zu der Mass wiisst. Aus dem Verglach vun de berechenter absoluter mat der visueller (observéierter) Hellegkeet ergëtt sech d'Distanz zu der Galaxis.

En Analog zu der Tully-Fisher-Bezéiung fir elliptesch Galaxien ass d'Faber-Jackson-Bezéiung, déi seet, datt d'Liichtkraaft proportionell zu der véierter Potenz vun der Vitessdispersioun ass.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]