Lapislazuli

Vu Wikipedia
E Block Lapislazuli

Lapislazuli, och Lapis Lazuli, respektiv Lapis lazuli, ass e fest a blénkegt Gemësch aus mikroskopesche Grimmele vun de Mineralen Lasurit, Pyrit, Calcit, an, a méi klenge Quantitéiten, Diopsid, Sodalith a soss nach aneren. Well se, an ënnerschiddleche Proportioune vun hire Bestanddeeler, natierlech virkommen, gehéiert de Lapislazuli éischter zum Gestengs wéi zu de Mineralen.

Markant ass seng opfälleg blo Faarf, wat och am Numm erëmgi gëtt: Lapis heescht op Laténgesch "Steen" a lazulum (Geenitiv: lazuli) ass Mëttellatäin fir "blo" (et kënnt sengersäits vum Perseschen لاژورد "himmelblo" hier).

Déi bekanntst Fondplaze sinn am westlechen Hindukusch, an an der afghanescher Provënz Badachschan an a Russland, an der Géigend vum Baikalséi.

Lapislazuli gëtt schonn zanter op d'mannst 7000 Joer gebraucht fir Bijouen a soss dekorativ Saachen draus ze maachen.

Ier Ultramarin syntheetesch produzéiert konnt ginn, war Lapislazuli e wichtegt an deiert Pigment fir blo Faarf ze maachen. An der Renaissancezäit z. B. war et op d'Gewiicht sou wäertvoll wéi Gold. An der Buchmolerei, z. B. d'Book of Kells (ëm 800) oder am Codex Aureus Epternacensis goufen domat déi himmlech Sphäre gemoolt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lapis lazuli – Biller, Videoen oder Audiodateien