Laurent Mignon

Vu Wikipedia
Laurent Mignon
Gebuer 6. August 1971
Arel
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker
Famill
Papp Léandre Mignon

De Laurent Mignon, gebuer de 6. August 1971 zu Arel, ass e lëtzebuergesche Professer a Schrëftsteller.

Hien huet zu Ettelbréck gewunnt an duerno zu Bréissel, Amman, Istanbul, an zu London.

Op der School of Oriental and African Studies zu London huet hie studéiert an do säin Doktorat iwwer d'Theema vun der Léift an der moderner tierkescher Dichtung gemaach. Hien huet e bëssen Arabesch, e bësse Georgesch a vill Tierkesch studéiert.
Haut ass e Professer fir tierkesch Literatur op der Universitéit vu Bilkent zu Ankara.

De Laurent Mignon war Member vum Lëtzebuerger Schrëftstellerverband.

Hien ass de Jong vum Léandre Mignon .

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

De Laurent Mignon schreift haaptsächlech op Franséisch an Tierkesch, heiansdo och op Englesch.

  • Gedichter
    • Pierres et Poètes, Bréissel & Lëtzebuerg: Memor & Les cahiers luxembourgeois, Abrëll 2004.
  • Gedichter (Iwwersetzungen)
    • Nizar Kabbani: Askin Kitabi, Istanbul: Ayisigikitaplari, 2000.
    • Gezginin Günlügü, Ankara: Hece, 2002.
    • Tigres de papier et monstres édentés, Bréissel & Lëtzebuerg: Memor & Les cahiers luxembourgeois, 2003.
  • Literaturwëssenschaft
    • Çagdas Türk Siirinde Ask Âsiklar Mekânlar, Ankara: Hece, 2002.
    • Elifbâlar Sevdasi, Ankara: Hece 2003.
    • Neither Shiraz Nor Paris, Istanbul: The Isis Press, 2005.
    • Lettres de Turquie et d'ailleurs, Bréissel & Lëtzebuerg: Memor & Les cahiers luxembourgeois, 2006.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]