Lavadecken
Lavadecke si schichtfërmeg ausgebreet Gestengskierper aus gehäerter Lava. Hir Gréisstenuerdnung reecht vu bis e puer Meter décke Lavadecken a Lavastréim vun engem eenzele Vulkan, bis zu lännergrousse Virkomme vu Flutbasalte vun de magmatesche Groussregiounen, déi sech aus kilometerdécke Schichte vun eenzele Lavadecken opbauen. Si bilden dacks Landformen an tektonesch oder vulkanesch aktive Regioune vun der Äerd, a schéngen op anere Planéiten a Mounde vum Sonnesystem eng grouss Roll ze spillen.
Genesis
[änneren | Quelltext änneren]Lavadecken entstinn duerch d'Austriede vu Lava aus Vulkane wéi Schëldvulkaner a vulkanesch Bréch. Vulkanesch Decke kënnen och duerch Ignimbriten entstoen, well déi speziell Form vun der Lavaausbreedung och wäitflächeg Decken ausbilt. Groussraimeg Lavadecken op der Äerd, besti virun allem aus Ausstréimungsgestengs wéi Basalt a Rhyolith. Den Ënnergrond vu Lavadecke kann aus sedimentärem oder vulkaneschem Gestengs bestoen, an eenzele Fäll läit d'Lava direkt um Grondbierg vun de Schëldregiounen vun ale Kratonen.
D'Ausdeenung vu vulkaneschen Decken hänkt wiesentlech vun den Eegenschafte vun der opdréngender Lava of. D'Mass an d'Dauer vum Ausfléisse gëtt vum Magmanoschub bestëmmt. Dënnflësseg Basalt-Lava, wéi se z. B. bei ausgedeente Schëldvulkanen un d'Äerduewerfläch kënnt, ka Landschafte vun 100 km² a méi iwwerschwemmen an ass sou d'Ursaach vu verschiddenen ausgedeenten Tafellänner.
Landform
[änneren | Quelltext änneren]Groussraimeg Ausstréimunge vu magmatesche Steng bilden typesch Landschaftsformen, wéi Plateauen a grouss Schichtstufen. Si kënne wäit Landschaften a Form vun Tafellänner oder flaachen Héichpunkte formen, oder nëmme lokal als Tafelbierger oder isoléiert stoegebliwwen Zeiebierger virkommen. Déi trapenaarteg Ofstufung vun der Landuewerfläch a sou Landschaften waren den Urspronk vum Begrëff Trapp.
D'Ursaach vun der Landformentwécklung ass d'Gestengsausbildung – meeschtens gläichfërmeg mineralogesch Zesummesetzung an eng rengkäreg Beschaffenheet vun der Grondmass a Kombinatioun mat der Ausbildung vu wäitraimege Kloften, déi zu der Ausbildung vu glate Brochwänn oder Gestengstrennfläche féiert. D'Gestengs ass wéinst senger Ausbildung standfest a widerstänneg géint Korrosioun. Dofir bilde Lavadecken op de Ränner an Däller ofschësseg Stufen aus, wärend am Zentrum den Terrain flaach ass oder nëmme kleng Schréiten huet.
D'Optriede vu Brochtektonik mat der Bildung vun Horsten a Grief souwéi d'Erosioun vun enger groussraimeger Lavadecken iwwer méi laang geologesch Zäitraim kann eng Reliefëmkéier verursaachen.
Virkommen
[änneren | Quelltext änneren]Däitlech Spuere vu Lavadecke sinn an de Maria vum Äerdmound z'erkennen oder an de Marsvulkanen.
Beispiller vu landformende Lavadecken op der Äerd sinn an de Rhyolith-Ignimbritdecke vun der Puna an Argentinien, am Paraná-Becken vun der Brasilianescher Tafel oder am Camperdowndistrict vu Victoria. De Sibireschen Trapp am Mëttelsibiresche Biergland oder den Dekkan-Trapp an Indien bestinn och wéi de Columbia-Plateaubasalt an Nordwestamerika aus villen iwwereneeleiende Lavadecken. Lavadecken deéi Landschafte bilden, gëtt et an Europa um Héije Meißner, an der Rhön an um Vogelsberg, souwéi um Teichelberg am südleche Fichtelgebirge an am Oststeireschen Hiwwelland.