Leopold I. vun der Belsch

Vu Wikipedia
Leopold I. vun der Belsch
Gebuer 16. Dezember 1790
Gestuerwen 10. Dezember 1865
Laeken
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich, Belsch
Aktivitéit Politiker, Militär, Aristokrat
Member vun Royal Society
Famill
Kanner Leopold II. vun der Belsch
De Leopold I.

De Leopold Georg Christian Friedrich vu Saxen-Coburg a Gotha (gebuer Leopold vu Saxen-Coburg-Saalfeld), Herzog vu Saxen, Prënz vu Saxen-Coburg-Gotha, war deen éischte Kinnek vun de Belsch ënner dem Numm Leopold I.. Hien ass de 16. Dezember 1790 zu Coburg a Bayern gebuer an den 10. Dezember 1865 zu Laeken (haut Bréissel) gestuerwen.

Hie war dee jéngste Jong vum Herzog Franz I. vu Saxen-Coburg-Saalfeld (1750-1806) a senger zweeter Fra, der Gräfin Augusta Reuss vun Ebersdorf (1757-1831). De 4. Juni 1831 gouf hien zum éischte Kinnek vun de Belsch gewielt an huet den 21. Juli 1831 den Eed op d'Verfassung geleescht.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Leopold gouf scho mat 5 Joer Colonel am Räichsregiment Izmailowski a Russland, a mat 12 Joer Generol.

1806, nodeem d'Herzogtum Saxen-Coburg-Saalfeld vun den napoleoneschen Truppen eruerwert gi war, ass en a Russland gaangen, wou en, als Colonel vun engem Kavallerieregiment, 1813 bei der Schluecht vu Lützen, géint dem Bonaparte seng Arméi gekämpft huet.

Wéi de Krich eriwwer war, huet en den 2. Mee 1816 d'Prinzessin Charlotte vu Groussbritannien, d'Duechter vum spéidere Kinnek George IV. vum Vereenegte Kinnekräich. Si war deemools d'Krounierwin vum Vereenegte Kinnekräich, ass awer 1817 no der Gebuert vun enger Duechter, déi dout op d'Welt komm war, gestuerwen.

1830 huet de Leopold refuséiert, Kinnek vu Griicheland ze ginn. Well de 4. Oktober hat de Belschen Nationalkongress de Louis vun Orléans (1814-1896), Herzog vun Nemours an zweete Jong vum Louis-Philippe I. vu Frankräich zum Kinnek gewielt, wat deem säi Papp awer am Numm vu sengem Jong refuséiert hat, fir d'Englänner ze zëssen. Doropshin huet den Nationalkongress de Leopold gefrot. Nodeem op der Konferenz vu London den Traité vun den 18 Artikelen ënnerschriwwe gi war, an de Kongress em den 9. Juli zougestëmmt hat, gouf de Leopold den 21. Juli 1831 zum Kinnek vun de Belsch gekréint.

Hien huet den 9. August 1832 d'Louise vun Orléans, Duechter vum Louis-Philippe bestuet, nodeem e vun der Schauspillerin Karoline Bauer, déi en 1829 bestuet hat, gescheet gi war. Si krute 4 Kanner:

  • De Louis-Philippe;
  • de spéidere Kinnek Léopold II.;
  • de Prënz Philippe, Grof vu Flandern;
  • d'Marie-Charlotte.

Ausserdeem hat en 2 Jonge mat senger Maîtresse, der Arcadie Claret (1826-1897): de Georges-Frédéric von Eppinghoven (1849-1904) an den Arthur von Eppinghoven (1852-1940). {{Autoritéitskontroll]]