Op den Inhalt sprangen

Lëscht vun den Herrscher vun der Belsch

Vu Wikipedia

Dës Lëscht gëtt en Iwwerbléck iwwer d'Herrscher vun der Belsch, dat heescht zënter der Grënnung vum Kinnekräich Belsch de 25. Februar 1831, nodeems d'Belsch de 4. Oktober 1830 seng Onofhängegkeet vun Holland erkläert a sech vum Vereenegte Kinnekräich vun den Nidderlande getrennt huet.

Zanterhier stoungen eng Rëtsch Herrscher – entweeder Regenten oder Kinneken – un der Spëtzt vum Staat.

Déi fënnef éischt Kinneke vun de Belsch. Vu lénks no riets: Leopold I., Leopold II., Albert I., Leopold III. a Baudouin

Herrscher vun der Belsch

[änneren | Quelltext änneren]
Philippe de BelgiqueAlbert II de BelgiqueBaudouin de BelgiqueCharles de BelgiqueLéopold III de BelgiqueAlbert Ier de BelgiqueLéopold II de BelgiqueLéopold Ier de BelgiqueÉrasme-Louis Surlet de Chokier


Lëscht vun de belschen Herrscher
Rang Bild Herrscher
Gebuerts- an Doudedatum
Herrschaft
vun – bis
Titelen Bemierkungen
Érasme-Louis Surlet de Chokier

27.11.1769 — 07.08.1839

Regence 25.02.1831 — 21.07.1831 Regent vum Kinnekräich Den Érasme-Louis Surlet de Chokier gouf vum Congrès national un d'Spëtzt vun der provisorescher Regierung gewielt, nodeems d'Englänner d'Kandidatur vum Louis d'Orléans, Herzog vun Nemours, op de belschen Troun, refuséiert haten.
1 Leopold I.

16.12.1790 — 10.12.1865

21.07.1831 — 10 .12.1865 Prënz vu Sachsen-Coburg a Gotha De Leopold I., jéngste Bouf vum Herzog Franz I. vu Saxen-Coburg-Saalfeld, gouf 1831 den éischte Kinnek vun de Belsch an huet d'kinneklech Dynastie vun der Belsch gegrënnt.
Conseil des ministres Interrègne vum 10. bis de 17. Dezember 1865
2 Leopold II.

09.04.1835 — 17.12.1909

17.12.1865 — 17.12.1909 Herzog vu Brabant De Leopold II., zweete Jong vu Leopold I. an der Kinnigin Louise-Marie vun Orléans, gouf 1865 den zweete Kinnek vun de Belsch. Hie war och den éischten an eenzegen „Kinnek vum Kongo“.
Conseil des ministres Interrègne vum 17. bis den 23. Dezember 1909
3 Albert I.

08.04.1875 — 17.02.1934

23.12.1909 — 17.02.1934 Well kee männlechen Nokommen do war, goung d'Kroun vun der Belsch nom Leopold II. un säin Neveu, de Prënz Albert, Jong vum Philippe vun der Belsch, Grof vu Flandern an der Prinzessin Marie vun Hohenzollern-Sigmaringen.
Conseil des ministres Interrègne vum 17. bis den 23. Februar 1934
4 Leopold III.

03.11-1901 — 25.09.1983

23.02.1934 — 16.07.1951 Herzog vu Brabant De Leopold III. war de Bouf vum Leopold II. an der Elisabeth Gabriele a Bayern; hie gouf 1934 de véierte Kinnek vun de Belsch.
Nodeems hien no der Schluecht ëm d'Belsch vum däitschen Okkupant gefaange geholl gouf, ass hien den 28. Mee 1940 als onfäeg fir ze regéieren erkläert ginn.
No der Befreiung vun der Belsch huet dem Leopold III. säi potenzielle Retour zu enger grousser politescher Kris gefouert. No senger Victoire beim Referendum (Consultation populaire) vun 1950, ass hien nees un d'Muecht zeréckkomm, mä wéinst der Oppositioun vun de Wallounen huet hie schlussendlech zugonschte vu sengem Fils Baudouin ofgedankt.
Conseil des ministres Onméiglechkeet vum Kinnek fir ze regéieren, vum 28. Mee 1940 bis den 21. September 1944 Regierung am Exil
Charles

10.10.1903 — 01.06.1983

Regence 21.09.1944 — 20.07.1950 Grof vu Flandern
Regent vum Kinnekräich
An der Zäit tëscht der Befreiung vun der Belsch an dem Retour vu sengem Brudder Leopold III., huet de Charles d'Regentschaft iwwerholl.
Baudouin

07.09.1930 — 31.07.1993

Regence 11.08.1950 — 17.07.1951 Prince Royal Nodeems de Leopold III. nees an d'Belsch hanneschtkoum, koum et zu enger Schéisserei zu Grâce-Berleur (Provënz Léck) an an der Folleg dovun, huet de Leopold III. d'Regence op säi Bouf Baudouin iwwerdroen.
5 Baudouin

07.09.1930 — 31.07.1993

17.07.1951 – 31.07.1993 Grof vun Hainaut

Herzog vu Brabant

No der Ofdankung vum Leopold III. gouf de Baudouin 1951 de fënnefte Kinnek vun de Belsch.
Well hie refuséiert huet d'Ofdreiwungsgesetz z'ënnerschreiwen, gouf hie vum 3. bis de 5. Abrëll 1991 onfäeg erkläert ze regéieren.
Well kee männlechen Nokommen do war, ass d'Kroun no sengem Doud u säi Brudder Albert iwwerginn.
Conseil des ministres Onméiglechkeet vum Kinnek fir ze regéieren, vum 3. bis de 5. Abrëll 1990 Kris vum Ofdreiwungsgesetz
Conseil des ministres Interrègne vum 31. Juli bis den 9. August 1993
6 Albert II.

* 06.07.1934

09.08.1993 — 21.07.2013 Prënz vu Léck Den Albert II., Brudder vum Baudouin, gouf 1993 de sechste Kinnek vun de Belsch.
An der Geschicht vum Kinnekräich Belsch war hien deen zweeten, deen zugonschte vu sengem Fils ofgedankt huet.
7 Philippe

* 15.04.1960

Zënter dem 21.07.2013 Herzog vu Brabant De Prënz Philippe, Bouf vum Albert II. an der Paola Ruffo di Calabria, gouf um belschen Nationalfeierdag 2013 de siwente Kinnek vun de Belsch.

Et war Usus, datt de belsche Kinnek de Suffix „den Éischten“ krut, och wann et virdrun nach kee mat deem Numm gouf (also z. B. Baudouin I.) Dës Reegel ass mëttlerweil awer vereelzt a gëtt net méi ugewannt. De Kinnek Philippe an de Kinnek Baudouin ginn net oder net méi „den Éischten“ genannt.

  • Commons: Herrscher vun der Belsch – Biller, Videoen oder Audiodateien

    Referenzen an Notten

    [Quelltext änneren]