Albert I. vun der Belsch
Albert I. vun der Belsch | |
---|---|
Titelen | |
Kinnek vun der Belsch | |
Zäit | 23.09.1909 – 17.02.1934 |
Virgänger | Philippe vun der Belsch |
Nofollger | Leopold III. vun der Belsch |
Biographie | |
Gebuer | 8. Abrëll 1875 |
Gestuerwen | 17. Februar 1934 |
Bestuet mat | Elisabeth Gabriele in Bayern |
Kanner | Leopold III. vun der Belsch, Charles vun der Belsch |
Den Albert I. vun der Belsch, gebuer als Prënz Albert Léopold Clément Marie Meinrad vun der Belsch den 8. Abrëll 1875 am Palais de la Régence zu Bréissel, a gestuerwen de 17. Februar 1934 zu Marche-les-Dames bei Namouer, a männlecher Linn en Nokommen aus dem Haus Sachsen-Coburg-Saalfeld, war vun 1909 bis zu sengem Doud Kinnek vun de Belsch.
Ufanksjoren
[änneren | Quelltext änneren]De Prënz Albert vun der Belsch gouf den 8. Abrëll 1875 als fënneft Kand an als zweetgebuerene Jong vum Prënz Philippe, Grof vu Flandern a senger Fra Marie Luise vu Hohenzollern-Sigmaringen gebuer. Säi Papp war de méi jonke Brudder vum regéierende belsche Kinnek Leopold II. Um Dag vu senger Gebuert war den Albert op der véierter Plaz an der Trounfolleg. De Krounprënz Leopold war awer schonn 1869 gestuerwen, a wéi dem Albert säi grousse Brudder, de Prënz Baudouin 1891 och gestuerwen ass, gouf den Albert als presuméierten Ierwe vun der belscher Kroun ugesinn. Nom Doud vu sengem Papp am Joer 1905 war hien den direkten Trounfollger.
De jonke Prënz krut eng militäresch an naturwëssenschaftlech-technesch Ausbildung. 1891 goung hien op d'kinneklech Militärschoul zu Bréissel a gouf am Joer duerno Leitnant vun engem Grenadier-Regiment.
Vun 1893 bis 1909 war de Prënz Albert Member vum Senat. An dëser Roll huet hie sech fir d'Situatioun vun de belschen Aarbechter interesséiert an ass perséinlech inkognito an d'Aarbechterquartiere gaange fir sech selwer iwwer d'Liewensbedingunge z'informéieren. Hien huet sech och ëffentlech fir d'Verbesserung vun der Infrastruktur an der Marinn agesat. Am Fréijoer 1898 ass den Albert op eng Rees vu véier Méint an Nordamerika gaangen an 1908 huet hien eng grouss Rees duerch de belsche Kongo ënnerholl, dee bis kuerz virdrun nach de perséinleche Besëtz vu sengem Monni Leopold II war. Den Albert koum an eng komplett erofgewirtschaft an ausgebeut Kolonie an huet decidéiert fir Reformen fir de Schutz vun den Awunner an d'Weeër ze leeden.
Bestietnes an Nokommen
[änneren | Quelltext änneren]Den Albert huet sech den 2. Oktober 1900 zu Münche mat der Wittelsbacher Prinzessin Elisabeth Gabriele in Bayern bestuet, der zweeteelster Duechter vum Andokter Carl Theodor in Bayern (de Brudder vun der Keeserin Elisabeth vun Éisträich-Ungarn) a senger Fra Maria Josepha vu Portugal. Déi zwee hate sech 1897 bei engem Familljebegriefnes a Frankräich kennegeléiert a konnten hir Hochzäit aus Léift duerchsetzen. Aus dem Bestietnes, sinn dräi Kanner ervirgaangen:
- Leopold (* 3. November 1901; † 25. September 1983), Herzog von Brabant, an als Leopold III. vun 1934 bis 1951 Kinnek vun de Belsch ⚭ Astrid vu Schweden
- Charles (* 10. Oktober 1903; † 1. Juni 1983), Graf vu Flandern, Prënz vun der Belsch
- Marie-José (* 4. August 1906; † 27. Januar 2001), Prinzessin vun der Belsch ⚭ Kinnek Umberto II. vun Italien
Kinnek
[änneren | Quelltext änneren]De Leopold II. ass de 17. Dezember 1909 no enger Herrschaft vu 44 Joer gestuerwen a sechs Deeg méi spéit ass de 34 Joer alen Albert als neie Kinnek Albert I. vereedegt ginn. Hie war deen éischte belsche Monarch, dee säin Eed net just op Franséisch, mä och op Hollännesch geleescht huet. Wéinst hirem einfachen an harmonesche Familljeliewen, am Géigesaz zum autokratesche Stil vun hire Virgänger, waren de Kinnek an d'Kinnigin bei de Leit ganz beléift.
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Alpinismus
[änneren | Quelltext änneren]Den Albert I. war e begeeschterte Biergsteiger a Kloterer. 1907 war hien – zesumme mat senger Fra an de Guidë Martin Schocher a Benedikt Supersaxo – den éischten deen op d'Nordost-Crête vum Piz Caral (3421 m.) an der Schwäiz geklotert ass.
Méi spéit ass hien ë. a. och iwwer d'Hörnligrat op d'Matterhorn geklotert an op verschidde Bierger an den Dolomiten.
Doud
[änneren | Quelltext änneren]De Kinnek Albert I. ass de 17. Februar 1934 am Alter vun 58 Joer duerch e Kloteraccident ëmkomm, wéi en eleng an den Ardennen bei Marche-les-Dames ënnerwee war.
Éierung
[änneren | Quelltext änneren]Fir un den Albert I. z'erënneren, gouf an de Quartieren Hollerech / Belair vun der Stad Lëtzebuerg eng Strooss no him genannt: d'Rue Albert 1er leeft vun der Rue Adolphe bis an d'Avenue du X septembre.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Albert I. vun der Belsch – Biller, Videoen oder Audiodateien |