Les jeudis des sciences

Vu Wikipedia

Les jeudis des sciences ass eng permanent Serie vu Konferenzen, déi vun der Faculté des sciences, de la technologie et de la communication vun der Universitéit Lëtzebuerg organiséiert ginn. Lancéiert gouf dës Konferenzeserie am Joer 2001 ënner dem Numm « Les jeudis de l'I.S.T. ».

Wéi den Numm et seet, kommen d'Theemen aus alle Gebidder vun de Wëssenschaften an d'Konferenze gi reegelméisseg donneschdes (am Prinzip all zweeten Donneschdeg am Unisjoer) gehalen. D'Conferenciere si lëtzebuergesch oder auslännesch Wëssenschaftler.

D'Konferenzen, déi riicht duerchnummeréiert sinn, ginn um Campus Kierchbierg gehalen. An den éischte 15 Semester goufen 114 Konferenze gehalen.

De Programm vun de Konferenze gëtt op der Websäit vun der Faculté des sciences, de la technologie et de la communication verëffentlecht.

Den Organisateur ass d'Mission culture scientifique et technique vun der Uni Lëtzebuerg a se gi vum Massimo Malvetti koordinéiert.

Les jeudis des sciences gi vum Fonds national de la recherche finanziell ënnerstëtzt.

Partnerorganisatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  • Les jeudis des sciences op der Websäit vun der Faculté des sciences, de la technologie et de la communication vun der Uni Lëtzebuerg